Ried iwwer d’Lag vun der Natioun
RTL - 17.04.2012, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 18.04.2012, 08:31 | 7 Commentaire(n)

Virun der Ouschtervakanz goung nawell vill Rieds iwwer eng Adaptatioun vum Steierbarême. Den OGBL hat erausfonnt, d’Regierung wier gesetzlech dozou verpflicht, an déi huet geäntwert, da muss d’Gesetz geännert ginn. Dat ass natierlech eng bosseg Äntwert, déi e bësselchen un de Putin zu Moskau erënnert. Et muss een awer wëssen, an den OGBL mécht dat, datt grad mat enger Adaptatioun vum Steierbarême d’Zuel vun den aarme Leit statistesch klëmmt. D’Medianakommes vum Steierzueler geet an d’Lut, wat jo positiv ass, zugläich awer ginn et dausende Leit, déi keng Steiere bezuelen, an deenen hiert Akommes stagnéiert; also klëmmt proportionel d’Aarmut.
Déi eenzeg Méiglechkeet, déi d’Regierung huet, fir der Aarmut entgéint ze wierken, sinn déi sozial Transferten; et ass aus där Ursaach, wou Radio Lëtzebuerg eng Serie vu Reportage mécht, iwwer déi sozial Hëllefen, déi e Mënsch sech am Grand-Duché ka vum Staat an och vu senger Gemeng erwaarden. D’Zuel vun deene Leit, déi se brauchen, geet an den nächste Joer mat Sécherheet net erof, éischter am Contraire.
56 Prozent vun den neien Aarbechtsplazen verlaangen e “Bac+” an iwwer d’Halschent vun deenen, déi eng Schaff sichen, hu just déi obligatoresch Scolaritéit hannert sech bruecht an nëmmen 10 Prozent vun dëse Leit sinn op d’Universitéit gaangen. Dat misst eis genuch soen, virun allem den Enseignant, déi mengen, mat eiser Schoul wier alles a Botter. Eng Schoulreform ass net nëmmen néideg, et wier irresponsabel, näischt ze ënnerhuelen. D’Professer solle roueg mat der Ministesch polemesch diskutéieren, sollen awer net leegnen, datt dem Statec no ronn 13 Prozent an der Schoul d’Pan klaken an domatter fir de Rescht vum Liewen am Misère sëtzen, et sief, si hunn e besonnesch gudde Schutzengel. Nëmmen 19 Prozent vun de jonke Leit ginn op d’Uni, d’Moyenne an der europäescher Unioun läit bei 28, d’Belsch kënnt op 39 Prozent a Frankräich op 38. Déi Zuele muss ee wëssen, wann een um Staminet iwwer d’Frontalieren hierfält, déi anscheinend eis aner Lëtzebuerger d’Plazen klauen! Eis eegen Elite ass eben ze schwaach, a ween et packt, geet am léifsten ënner d’Haifchen vum Pappa Staat.
Et ass evident, datt een an der Schoul muss “Wëssen” bäibruecht kréien; dat eleng awer geet net duer. Deen, dee wëll Schräiner ginn, muss kloer mam Dräieck vum Pythagore eens ginn, brauch zugläich aner Kompetenzen: hie muss sech a sengem Fach kënnen an op d’mannst dräi Sproochen ausdrécken, besonnesch dann, wann de Schräiner sech wëll selbstänneg maachen. Fir dëst Fach an nach fir vill anerer mécht et kee Sënn – esou ewéi dat bis dato de Fall ass- op 40 Säiten den Opbau vun enger Mënschenzell ze léieren.
Un der Regierung ass et, d’sozial Transferten esou ze halen, datt keen zu Lëtzebuerg sech muss säin Iessen aus der Poubelle op der Strooss servéieren, esou ewéi dat neierdéngs de Fall ass a Griicheland an am Portugal; si mussen zugläich esou gehale sinn, datt et iwwerhaapt nach Sënn mécht, ze léieren, sief et an der Schoul, sief et am Liewen.


Äre Commentaire