Et gouf geschoss ...
RTL - 14.05.2009, 09:10 | Fir d'lescht aktualiséiert: 14.05.2009, 09:59 | 7 Commentaire(n)

Schlëmm Zäiten, dat kennen d'Lëtzebuerger, ma och déi vun déisäit... d'ArcelorMittalisten aus der Moselle an déi vu Léck... do gëtt net nëmmen ofgebaut, do gëtt och zougemaach, och wann den Sarkozy ganz aner Saache behaapt.
Ganz aner Problemer hunn d'Lëtzebuerger Syndikater... si sinn zwar och fir Solidaritéit, ma just op der eegener Mëscht, de nächste Samschdeg. Attention: Wee ganz héich um Päerd sëtzt, dee fällt och héich, zemol wann et deemnächst och ganz ferm hei am Land rabbelt.
An zwee Deeg, dann dierf och d'Police manifestéieren, de Seege vun der CGFP ass gëscht nach eemol widderholl ginn. An d'Kandidaten an d'Deputéiert an op d'mannst ee Minister. Déi vun der Force publique déi dann "on duty" sinn hu Chance.
Chance, am Verglach, mat deenen déi offensichtlech iwwerfuerdert an d'Manifestatioun virum Sëtz vun ArcelorMittal geschéckt gi sinn. Iwwerfuerdert am Sënn vun ze mann forméiert... materiell si mer ëmmer déck do mir Lëtzebuerger, mir hunn di neisten Apparaten, ma soss, bei der Software, net uereg.
Ma d'Police schwätzt vun engem positive Bilan... wat ass dorunner positiv wann d'Police op e Mënsch schéisst? Mat Kugelen, déi zwar net solle pénétréieren, ma kënnen zerspläiteren. A scho Leit dout gemaach hunn. Firwat gëtt geschoss? Wéini gëtt geschoss? Wor d'Situatioun esou uerg, datt ee Supérieur den Uerder ginn huet fir ze schéissen?
De Police-Corps rennt vun enger Gaffe an di aner... a näischt geschitt... e Staat am Staat, dee sech am beschte selwer kontrolléiert.
A wann een Deputéierten da nofreet, dann ass keng Urgence... wa Greenpeace sech mat zwee Fuendele nieft de Premier planzt, dann ass d'Welt ze kleng, da gëtt iwwer-reagéiert. Wann de Wand awer vu vir bléist, wann zu Lëtzebuerg op Chômeure soll geschoss ginn a Kameraleit getraff ginn, da gëtt de Schwanz bäigezunn. Null politesche Courage.. waarde mer léiwer bis d'Enquête ofgeschloss ass. No de Wahlen.
Ech wëll net an engem Land liewe, wou op Stol-Aarbechter, op Salarieeën, op Mënsche geschoss gëtt. A scho guer net, vu Leit an Uniform, a scho guer net, wa kee Liewen a Gefor ass.
Äre Commentaire