Spueren un 2 Sportsinfrastrukturen ass falsch

RTL - 11.05.2012, 12:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 24.05.2012, 16:12 | 12 Commentaire(n)

Auteur: Franky Hippert

Sport ass déi schéinste Niewesaach vun der Welt, heescht et ëmmer. No der Ried iwwert d'Laach vun der Natioun en Dënschdeg an der Chamber vum Jean-Claude Juncker, krut een d'Konfirmatioun, datt fir de Premier de Sport, wierklech just Niewesaach ass, an datt hie wat de Sport ugeet, falsch rechent, mengt de Franky Hippert an engem Commentaire.


Dee Leschte vun deene ron 140 Dausend Sportlerinnen a Sportler, deen hei zu Lëtzebuerg eng Lizenz huet, krut en Dënschdeg mat, datt de Premier Jean-Claude Juncker, awer och guer näischt mat Sport um Hutt huet.

Schlëmm ass, datt hien dann och nach d'Sportswelt géint déi vun der Kultur ausspillt. Dorop loossen ech mech awer lo net an.

Ech weess, wann dee Commentaire hei, lo bei eis um Internet op rtl.lu publizéiert gëtt, ginn et rëm eng Rei Leit déi schreiwe wäerten, datt et wierklech méi wichteg Saache gi wéi Sport an seng Infrastrukturen. Als Sportjournalist befaasst een sech eben nun emol mat Sport.


Fänke mer un mam Velodrome. Dee gëtt elo nach net gebaut, seet de Premier.

Falsch Decisioun Här Juncker!

2006, dat Joer wou de Frank Schleck, d'Amstel gewonn hat, war dir nach besonnesch houfreg kënnen an dëse Mikro ze soen, datt Lëtzebuerg endlech nees e Vëlodrome kritt.

Wann d'Politiker Suen, déi fir de Sport bestëmmt goufen, als Depense gesinn, an net als Investissement, da läit do schonn e grousse Problem.

De Veëodrome ass am 8. Fënnefjoresplang vum Sport virgesinn. Dat heescht vereinfacht ausgedréckt, d'Sue stinn um Compte, de Staat gëtt se awer net aus.

Wat ass falsch dorun, ma ganz einfach. Déi Suen schlofen elo do.

Wat géif dat änneren, wann een elo de Vëlodrome, e soll jo op Munneref kommen, géif bauen.

Vill! Wa gebaut gëtt, ginn Aarbechtsplazen erhal. Wann gebaut ass ginn och nei Aarbechtsplaze geschaf. An elo kommen zwee ganz wichteg Punkten.

1. Lëtzebuerg ass eent vun de räichste Länner op der Welt, awer och eent vun de aarmséilegsten. Beispill, e Kand 9-10 Joer, fréit säi Papp, ob et an e Vëlosclub ka goen. De Papp äntwert: Mhhh... mäi Kand, et ass ze vill geféierlech fir sou jonk schonn op der Strooss trainéieren ze fueren, an hei an engem vun de räichste Länner op der Welt hu mer emol kee Velodrome. E Velodrome ass a priori nämlech net nëmmen do, fir d'Schleck, mä fir Honnerte Kanner, déi bei all Wiederkonditioune sécher kënnen hirem Sport nogoen.

2. Duerch e Velodrome, huet een hei zu Lëtzebuerg en neit Standbeen am Tourismus. E Vëlodrome, kombinéiert mat der Méiglechkeet fir zu Munneref ze schlofen, géif bestëmmt vill Velosveräiner aus der Groussregioun an d'Kurstad lackelen. An déi konsomméieren jo och nees.

Football-Stadion zu Léiweng.

1. Hat de Staat ni virgesinn, fir ëffentlech Gelder an de Bau vum Stadion ze stiechen. Wat u sech och net normal ass. En nationale Stadion misst vum Staat gebaut ginn.

2. Idem wéi beim Velodrome. Duerch de Bau, ginn Aarbechtsplazen erhalen, duerch déi ganz Butteker ginn nei Aarbechtsplazen geschaf, d'Leit konsomméieren. Geschäfter bréngen dem Stad, Stéieren, TVA a.s.w.

Angriff ist die beste Verteidigung, soen se am Sport déisäit der Musel. Fir Wuesstem ze kréien, muss een och an der Politik offensiv denken.

 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!