Cash Investigation
RTL - 16.05.2012, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 16.05.2012, 08:25 | 12 Commentaire(n)

Ech muss jo soen, datt ech mech mat Cash Investigation zweemol geschummt hunn.
Éischtens als Journalist: ech hunn do nettement d'Gefill gehat, ewéi wann d'Beruffskollegen net ëmmer mat deontologesch proppere Methode geschafft hätten. Do gouf zesumme geschnidden op Däiwel komm eraus, fir e flotte Rhythmus an de Reportage ze kréien, dynamesch ze wierken, an d'Lëtzebuerger Gespréichspartner ëmsou méi blöd do stoen ze loossen.
An dat ass mäin zweete Punkt: Lëtzebuerger Politiker a Lëtzebuerger Beamte missten eigentlech wëssen, datt déi auslännesch Journaliste mat ganz anere Mëttel schaffen ewéi déi éischter brav Press am eegene Land.
Viru ronn 3 Joer hat France 2 probéiert, och mat der Finanzplaz de Premier Jean-Claude Juncker an d'Pan ze klaken; d'Direktioun vum Sender huet sech 2 Deeg duerno per Bréif dowéinst entschëllegt. De Premier hat deemools den Nodeel, an zugläich de Virdeel live op Sendung gewiescht ze sinn. Nodeel: hien huet mussen op allméiglech Froen en direct äntwerten; Virdeel: hie konnt net geschnidde ginn.
D'Prestatioun vum Luc Frieden war blamabel. Wa France deux op Lëtzebuerg kënnt, fir e Reportage iwwer eis Finanzplaz ze dréien, muss ee sech am Viraus preparéieren. E puer där enger Sätz an e puer där anerer. De Finanzminister hätt besser gehat, relativ séier d'Journalisten op d'Plaz ze setzen. Wann e Reporter d'Recht huet, keng Froen ze stellen, däerf de Politiker de Ball grad esou keck zeréck spillen; dofir awer muss e preparéiert sinn. An et muss een aus de leschten 30 Joer geléiert hunn: auslännesch Journaliste sinn ëmmer nach drop aus, eis de Steierparadäis un ze hänken! Wann dobäi schlecht Äntwerte vu Politiker a Beamten erauskommen, bleift d'Meenung am Ausland, datt alles stëmmt. De Schoss goung no hanne lass.

Äre Commentaire