Wickreng 1, Léiweng, Wickreng 2
RTL - 24.05.2012, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 07.06.2012, 10:09 | 13 Commentaire(n)

Zwee Promoteuren, e puer Politiker, zwou Banken – vill Acteuren an enger Affär, wou den Ament vill ze vill de Mond gehalen gëtt. Eng Affär, déi d’ DP e Skandal genannt huet.
Haut ass et op den Dag genee 14 Deeg hier, datt de Grupp Rollinger mat sengem Communiqué den Dossier Léiweng, dee jo grad gestuerwen a begruewe war – Mass mat engem Här an der Chamber – datt Rollinger deen Dossier erëm an d’Aktualitéit gepushed huet.
Et kéint een och soen, no engem monteren Ufank gëtt alles gemat, fir deen Dossier erëm aus den Titelen erauszekréien.
Eng zen-buddhistesch Attitude ass wéi et schéngt alle Bedeelegten vun iergendengem Mediendokter verschriwwe ginn.
Zen-buddhistesch heescht an deem Fall, do sëtzen an nëmme näischt soen. Oder och do stoen an 3 Minutte laang schwätzen an an der Saach näischt soen a sech soss hannert dem Premier verstoppen, wéi de Jean-Marie Halsdorf dat an der Chamber gemat hat. E Maulkuerf huet sech jo och de Jeannot Krecké ëmgehaang, deen, héiert een, mat besserwëssereschem Grinsen suivéiert, wat esou dorëmmer geschriwwen a geschwat gëtt. A näischt seet, 6 Méint laang Schweigegelübde, firwat net 3, firwat net 9, kee weess et. Et ass och bal egal.
Rollinger selwer huet no sengem éischte Communiqué, dee jo nawell Tapage gemat hat, nach just en zweete nogeschéckt – aus deem een d’ ailleurs net klug gëtt, well en deem éischten op e puer Punkte widdersprécht. An tëschent deene Communiquéen war – o Wonner – ee vum Flavio Becca komm. Deen huet de Rollinger bei d’Regierung geschéckt. Wann de Grupp Rollinger eppes wéilt an der Saach Léiweng, sollte se sech un d’ Regierung halen an hie mat Rou loossen. Sprach’s und schwieg, meeschtens, well wann an enger Nouvelle eng Kéier e falscht Wuert dra war, hat ee nawell e Porte-parole vum Flavio Becca um Telefon, dee gebaubst huet, dat musst corrigéiert ginn, subito. An der Saach awer, niente, nada. Wiem dem Becca sengem Rot, sech un d’ Regierung ze halen, gefollegt huet, dat sinn déi Liberal. Zanter enger Woch ploe si déi aarm Regierung, déi den Euro, d’ Nato, Europa a soss Afghanistan rette muss mat Froen iwwer eng fiicht Wiss zu Léiweng. Kee Wonner, datt déi Regierung mega-zen-buddhistesch zeréckkuckt, wann se esou accostéiert gëtt. Quitte datt se an der Lescht e Problem hunn. Well esouguer déi Gréng Oppositioun ass wakreg ginn a freet eng Enquête-commissoun an och d’ DP huet watgësdewathuesde dragefacht, nom Parquet geruff, gesot, an der Chamber wier gelunn ginn, Kompetenze wieren iwwerschratt ginn, Prozedure net agehale ginn, et wier gepresst a gedréckt ginn – de ganze Katalog vu politesche Virwërf ass opgebliedert ginn. Et huet just ee Reproche gefehlt: Korruptioun. An dat ass verwonnerlech, well hei geet et jo net ëm e Stadion, et geet net ëm en Outlet mat internationalem Flair, et geet net ëm en Echangeur, et geet ganz eleng ëm décke Goss, enorme Fric, dee sollt verdéngt ginn, mat Terrainen a mat Loyer. An et ass mat alle Mëttelen geschafft ginn. An dat muss opgeschafft ginn. Et flanteren där Milliounen einfach ze vill dorëmmer, 10, 16, 20, 500 op eng Null méi oder manner schéngt et net unzekommen, Scholden, Prêten, Garantiezommen, grad egal – hannenaus sollt méiglechst vill Benefice erakommen. An déi Hoffnung ass futti gaang an dowéinst de ganzen Buttek.
Iwwerdeems also déi Concernéiert emol probéieren sech ze ducken an de Stuerm auszesëtzen, iwwerdeems geschitt eppes aneschtes. De Flavio Becca, Dier erënnert Äerch, de fréiere Sonnekinnek vum Land, dee mat de Schleck-Bridder a senger Kroun, dee gëtt lues a lues persona non grata, verschwënnt am Schied. Zwou Perquisitiounen, de Lucien Lux, deen net méi bei der Velos-Equipe bleiwe wëll, de Rollinger, dee Plainte mécht, d’ Regierung, déi keen Echangeur méi baue wëll an elo och nach – dëser Deeg am PaperJam - déi fréier Zen-Buddhisten an Interviewrefractairen Eric Lux a Gérard Lopez, déi op eemol soen, si wéilten d’Leit net méi fantasméiere loossen, si giffe sech elo als si selwer presentéieren an Intreviewë ginn. An do leeft e sous-entendu mat, deen hei: si wiere net nëmmen Friends of Flavio. Esou soen si et awer net. Well: les affaires ont continué, betount den Eric Lux. Dat berouegt een, iergendwéi, well uewendrop huet de Fränk och nach de Giro Giro si gelooss.
An ier ech et vergiessen: hei eng offiziell Demande: ech giff gär eng Serie Interviewë man: mam Premier, mam fréiere Wirtschaftsminister, mam Inneminister, mam Guy Rollinger, mam Jean-Claude Finck a mam Flavio Becca. Den éischten ass vir, mee kommt net all mateneen.


Äre Commentaire