Aremt Lëtzebuerg

RTL - 31.05.2012, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.05.2012, 15:47 | 12 Commentaire(n)

Auteur: Guy Kaiser
"Aremt Lëtzebuerg" ass de Commentaire vum Guy Kaiser de Moien iwwerschriwwen. De Risk, an dësem räiche Land an d'Aarmut ze glëtschen, läit effektiv bei 14,5 Prozent.

Dat ass schonn net wéineg. Bei de Monoparentaux klëmmt deen Taux op iwwer 46 Prozent an ass domatter deen héchsten an enger Europäescher Unioun vu 15 Memberstaten. Et kann en et och aneschters ausdrécken: Géifen et déi sozial Transferte vum Staat net ginn, wiere 45 Prozent vun eiser Populatioun an enger extrem delikater Situatioun. Virun 2 Joer waren d’Leit nach just an Irland méi schlecht drun. Et ass de Beweis, datt de soziale Subventionnement vun der ëffentlecher Hand wichteg ass fir den Zesummenhalt vun der Gesellschaft.


Et ass net fir d’éischt, wou et gesot gëtt: Deier Wunnechten droen an der Haaptsaach zu der Veraarmung vun engem Deel vun der Populatioun bäi. Sécher, et gëtt de soziale Wunnengsbau, ma nëmmen 3,6 Prozent vun de Leit kënne sozial lounen. Just 8,5 Prozent vun de Proprietairë sinn der Gefor vun Aarmut ausgesat, bei de Locatairë sinn et der 28. Et versteet een d’Gewerkschaften OGBL an LCGB, datt si gären eng Quot hätte vu sozialem Wunnengsbau an all de Gemengen; eng Diskussioun heiriwwer ass zu dësem Ablack méi wichteg ewéi iwwer eng Fraequot - d'Dammen solle mech w.e.g. entschëllegen.


Wann elo soll e Mietzuschuss kommen, ass dat eng gutt Saach fir déi méi schwaach Leit; ma ass net zugläich d’Gefor reell, datt de Proprietaire sech dann net genéiert, de Loyer eropzesetzen?! Da wär et gehopst ewéi gesprongen! Ähnlech Iwwerleeunge maachen d’Syndikater an hirem nationale Sozialrapport iwwer déi energetesch Moossnamen am Wunnengsbau. Leit, déi de Groen zweemol an der Hand mussen dréien, wéi mer fréier soten, kënnen sech keng Wunneng leeschten, déi no dëse Critère gebaut ass; si hunn och d’Méiglechkeet net, hir Wunneng no energetesche Critèren ëmzebauen; fir kënnen un den Energieausgaben ze spueren, mussen si fir d’éischt en héijen Invest maachen; dat geet net, also sinn dës Leit vun dëser u sech positiver Moossnam ausgeschloss. Mécht dat awer de Proprietaire fir si, dann ass unzehuelen, datt de Loyer nees eng Kéier klëmmt. D’Gewerkschaften hunn do eng Iddi, iwwer déi sollt diskutéiert ginn. Thermesch Transformatiounen un engem Gebai sollte vun de Gemenge pre-finanzéiert ginn; d’Gemenge kréichen deen Deel, deen hinnen zegutt steet, vum Staat erëm, eben a Form vun de geplangte Subventiounen.


Anere Gedanke vun de Gewerkschaften: An den Apdikte gëllt den tiers payant. Et muss ee just dat drop leeën, wat net vun der Krankekeess iwwerholl gëtt. Firwat den tiers payant net och beim Dokter aféieren? De Mënsch hätt direkt en Iwwerbléck vu sengen Ausgabe fir d’Gesondheet; hie bräicht näischt virzestrecken an 3 Wochen op de Remboursement ze waarden, wou déi finanziell Situatioun eventuell schonn eng ganz aner ass.
Mir kréien hei mat Sécherheet net de Problem geléist. Ma wichteg wier, wann doriwwer déit geschwat ginn. Et fänkt nämlech un, enk ze ginn, am räiche Lëtzebuerg.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!