D'Bedeitung vum Hotel Mamma

RTL - 05.06.2012, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 04.06.2012, 18:00 | 23 Commentaire(n)

Auteur: Guy Kaiser
Sinn déi Jonk vun haut verwinnte Schwéngercher oder hu se serieux Problemer? Dat war gëschter Owend de Sujet vun enger Konferenz an de Carrés rotondes. De Guy Kaiser war net lauschteren, an huet sech nawell seng Gedanken iwwer d'Froestellung gemaach ...

Virun enger Dose Joer hunn ech de Spunnes gemaach mam Hotel Mamma; Jugendlecher, déi ëmmer méi laang am Elterennascht sëtze bleiwen a sech verwinne loossen. Déi Meenung hunn ech revidéiert, aus zweeërlee Grënn.


Fir d’éischt aus enger materieller Iwwerleeung: Wa jonk Leit zu Lëtzebuerg schaffe ginn, sollen si sech e finanzielle Puffer schafe kënnen, fir herno net e Liewe laang de Sklav vun enger vill ze deierer Wunnecht ze sinn; dat gëllt besonnesch fir déi, déi keen esou décken Diplom an der Täsch hunn, well si dem Risk, fir an d'Aarmut ze glëtschen, nach méi ausgesat sinn; dat gëllt awer och fir déi aner, déi no der Zäit op der Universitéit nawell gären d'Täsche voller Schold hunn, nach ier et richteg lass geet mam sougenannten Eescht vum Liewen.


Ech hu meng Meenung awer nach aus engem anere Grond revidéiert. Experte wëllen erausfonnt hunn, datt bei der Jugend vun haut d'Pubertéit méi fréi ufänkt ewéi fréier an datt et zugläich méi laang dauert, bis datt e Jugendlechen erwuesse gëtt. Eng Entwécklungspsychologin beschreift d’Situatioun esou: Fréier hunn d'Kanner den Eltere kënne bei der Aarbecht nokucken, och mat maachen, a konnten dobäi vill Erfahrunge sammelen; si goufe belount oder och bestrooft; déi Erfahrungen haten de Virdeel, datt, wann se méi spéit an d’Pubertéit koumen, dovunner konnte profitéieren a sech selwer besser an der Gitt halen. Haut awer geet e Jugendleche just an d’Schoul; de jonke Mënsch kritt esou vill Wësse mat op de Wee ewéi nach ni virdrun a weess leider net ëmmer eppes dermatter unzefänken. Fir et op de Punkt ze bréngen: Erfahrunge formen eist Gehir an domatter léiert de Mënsch, sech selwer ze kontrolléieren.


Et huet sech jo esou villes an der Gesellschaft verännert! Fréier goufen et bedeitend manner Méiglechkeeten, e Beruff ze ergräifen: Et gouf een als Mann Schlesser, Dréier, Schoulmeeschter, wann een aus bessere Kreesser koum, villäicht Dokter. Dacks hunn d'Eltere fir de Jugendlechen decidéiert. Esou war alles kloer, et gouf mol net d'Fro opgeworf, ob dee Betraffene mam Choix vum Beruff zefridde war oder net. Haut huet de moderne Mënsch dacks d'Méiglechkeet vum Choix, ma et ass zugläich eng Obligatioun, sech e Beruff erauszewielen. An et ass mat dëser Obligatioun, wou der vill net eens ginn. Well d’Wiel esou grouss ass, an zugläich d’Erwaardungen, weess de jonke Mënsch dacks net, wat fir ee Beruff datt hie soll eraussichen; a wann hie sech bis festgeluecht huet, stellt hien sech permanent a Fro: Ass et wierklech dat, wat ech wëll? Ginn ech wierklech glécklech an deem Beruff?

An esou kënnt et ëmmer méi dacks vir, datt jonk Leit Enn 20 hir éischt berufflech Erfahrunge maachen a komplett iwwerfuerdert sinn. Grad an esou enger Situatioun ass den Hotel Mamma wichteg: An engem Moment vu grousser Veronsécherung brauchen déi Jonk de Réckhalt vun der Famill.


Verwinnte Schwéngercher oder serieux Problemer - de Sujet gëschter Owend an de Carrés Rotondes, an de Conférencier, de Professer Willems, ass de Mëtten um 10 bis 1 eisen Invité op RTL Radio Lëtzebuerg.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!