Wat ass do lass mam Andy Schleck?
RTL - 06.06.2012, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.06.2012, 21:08 | 7 Commentaire(n)

Vill Vëlossupporter stelle sech hir Froen. No engem Prolog an zwou Etappen huet de 26 Joer ale Lëtzebuerger am Critérium du Dauphiné schonn iwwer 5 Minutte Retard op de Leader Bradley Wiggins an op den Zweete Cadel Evans. Fir de Rescht huet den jonke Mann vu Munneref dës Saison och nach net vill Opweises.
Den Andy Schleck ass voller Talent. Du gëss net Tour de France-Gewënner, och wann et um gréngen Dësch war, zweemol Zweeten an der Grande Boucle, wënns 3 Etappen am Tour, Zweeten am Giro, a Gewënner vun der Doyenne vun de Klassiken, Léck-Baaschtnech-Léck duerch Zoufall.
Den Andy, deen e Sonndeg, wann den Dauphiné op en Enn geet, säin 27. Gebuertsdag feiert, muss awer oppassen, datt hien net beim Status vum éiwegen Talent hänke bleift.
Den Andy ass nämlech e „Lebemann“, wéi een sou schéi seet. Hie genéisst gär d'Liewen, an hëlt och d'Saache méi labber, wat jo u sech och eng gutt Astellung ka sinn.
De Problem ass awer, datt e grousse Champion, sech zu 100 Prozent sengem Sport higëtt. Während där Zäit, wou ee Profi op Weltniveau ass, zielt ebe just d'Leeschtung an d'Resultat.
Am Moment leeft et net ronn beim Andy, am Giro war et net dat beim Frank, an bis den Tour de Luxembourg och net bei Lëtzebuerger Equipe Radioshack-Nissan Trek.
Fir Leeschtung ze bréngen brauch e Sportler Harmonie. Et ass awer och déi Saach mat der eegener Responsabilitéit. Wann e Sportler vu sengem Trainer de klenge Fanger kritt, dann däerf deen och net de ganzen Aarm huelen.
Déi zwee Schleck-Bridder, de Frank an den Andy, hunn awer och hire Kapp.
Et gouf emol e Marieland, do waren zwee kleng Schlécken. Déi woren nawell séier um Drotiesel ënnerwee, dee klenge nach e bësse méi wéi dee Groussen. Déi zwee hunn richteg zesumme gepecht. Du koum e béise belsche Wollef, an wollt déi zwee mordicus trennen. De Wollef hat awer vergiess, datt een zwee Schléckebridder net esou séier vunenee lass krit. Fir déi zwee Schlécken, ass et och wichteg, hire Kolleg bei sech ze hunn, dat ass fir si esou eppes wéi „danish dynamite“. Weder den belsche Wollef, nach en italieneschen Bier wollten dat awer. Déi zwee wollten onbedéngt, datt dee klenge Schléck, déi gréisste Cours um Drotiesel géif gewannen.
Kee Wonner, dat et am Marieland, permanent ferm gedonnert a geblëtzt huet.
Zanter e Samschdeg gëtt et d'Spekulatioun, datt den Frank an den Andy Schleck bei Astana kéinte wiesselen. Virgëscht fiert den Andy Schleck am Dauphiné mam Kasak Alexander Vinokurov, Coureur vun Astana, deen och an der Equipe vill ze soen huet. iwwert d'Arrivée. Iwwer wat hunn déi zwee geschwat? Dat se d'Spekulatiounen nach méi unheizen, oder war et, ganz banal, just Zoufall.
Den Andy Schleck ass e ganz sympatheschen, u sech einfache Kärel, dee sech heiansdo, guer net bewosst ass, wéi Weltbekannt hien ass. Dat ännert awer näischt dorun, datt mat der aktueller Form, déi dee jéngste vun der Schleck-Bridder am Dauphiné huet, an der Grande Boucle mol kee Blummendëppe ze wannen ass.
Et besteet awer Hoffnung. E Méindeg hat den Andy Schleck 3 Minutten 34 verluer, gëscht just nach eng 47. Et geet also biergop!


Äre Commentaire