"Ech si kee Rassist, mä ..."
RTL - 26.06.2012, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 02.07.2012, 17:07 | 146 Commentaire(n)
Mat deene Wierder hunn d'lescht Woch am Internet nees vill Commentairen ugefaang, déi dem Dany Rasqué nawell sauer opgestouss sinn.

A "sauer opgestouss" ass nach diplomatesch ausgedréckt ...
Hannert deene Wierder „Ech si kee Rassist., mä ...“ koumen erëm déi üblech Aussoen, déi ech op dëser Plaz léiwer net widderhuelen.
Ëm wat geet et?
D'Gemeng Kielen huet d'lescht Woch matgedeelt, datt se en Haus kaaft huet an deem vum September un 12 bis 14 Flüchtlingen ënnerdaach kommen.
Eng Neiegkeet, déi och um Internet publizéiert gouf an do hu friemefeindlech a rassistesch Aussoe vun där schlëmmster Zort net laang op sech waarde gelooss.
Ech froe mech firwat Mënschen aner Mënschen esou haassen, datt se sou béisaarteg a gehässeg iwwer Leit hierfalen, déi se mol net kennen an déi hinnen näischt zu Leeds gedoen hunn. Ech verstinn et einfach net, mä am Fong hat ech d'Gefill -wéi ech dee Misère an dee Blödsinn gelies hunn- et wier eng Mëschung aus Dommheet, net Bescheed wëssen an -sou absurd et klengt- Jalousie.
Dobäi verstinn ech mam beschte Wëllen net wéi een jalous op e Mënsch ka sinn, deen esou verzweiwelt ass, datt en seng Heemecht verléisst, respektiv muss verloossen, well en do verfollegt gëtt an ëm säi Liewe muss fäerten – oder vu mir aus och aus wirtschaftleche Grënn.
Ech si mer bal sécher, datt et net vill Leit ginn, déi einfach aus Jux alles stoe loossen an an en anert Land ginn fir do Asyl ze froen. Ass et flott zu Lëtzebuerg op engem Camping oder engem Container ze setzen, vläicht mat senge klenge Kanner, keng Privatsphäre ze hunn, net dierfen ze schaffen an dann en Täschegeld vu 25 Euro de Mount ze kréien? Ech mengen dat keen sech dat Muttwëlles siche geet.
Egal wéi ass et net un eis déi Leit ze veruerteelen an ze maachen, wéi wann et alles Gangster a Verbriecher wieren.
Sécher vläicht ass dat een't oder anert schwaarzt Schof drënner, deen een oder aneren dee keng gutt an der Kopp huet, mä wou gëtt et dat net? Dat huet nu wierklech näischt mat der Nationalitéit oder der Hautfaarf ze dinn.
Ënnert den Demandeurs d'asyle déi zu Lëtzebuerg sinn, sinn iwwregens och Leit aus dem Irak, aus dem Afganistan oder aus Syrien. Ech ka schonn novollzéien, datt een probéiert aus deene Länner fortzelafen, net well ech schonn do gewiescht wier, mä well ech awer all Dag matkréien, wéi vill Mënschen do vun der eegener Regierung ëmbruecht ginn; fir lo bei Syrien ze bleiwen.
A wien hëlleft deene Leit? Keen!
D'ganz Welt kuckt no...Den UNO Sécherheetsrot probéiert vun Zäit zu Zäit eng Resolutioun ze stëmmen, konkret Aktioune verhënnere China a Russland awer mat hirem Veto-Recht, well déi de Regierungstruppe léiwer Waffe verkafen, wéi derfir ze suergen, datt se ophalen op déi eege Leit ze schéissen.
Dem Koffi Annan seng Friddensmissioun war och net onbedéngt dat wat een e Succès nennt..... mä gëschter hunn déi europäesch Ausseministeren dem Baschar Al Assad e béise Fanger gemeet (fir d'Xte Kéier) an nach e puer vu senge Leit als persona non grata an der EU declaréiert. Ech si mer sécher dat huet de Mënschen a Syrien gehollef an de Regime vum Al Assad ziddert vun Angscht.
Äre Commentaire