Dephaséiert

RTL - 26.05.2009, 08:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 15.06.2009, 15:01 | 0 Commentaire(n)

Auteur: Nico Graf

D'Dexia-Bil, déi huet jo zu Hollerech - wéi sech dat hei am Land  gehéiert - eng gëllech Buerg gebaut, e veritable château fort. Do geet een eng breet Ramp erop an d'Buerg wiesst iwwer engem a wat ee méi nobei kënnt wat d'Buerg méi grouss gëtt an ee selwer méi kleng.

Dobannen um ieweschte Stack vun där BIL-Buerg hat zelescht d' Directioun invitéiert fir iwwer Trimester-Zuelen ze poteren, bei engem nawell feinen Iessen an Drënken. An dat war schon de Message: deen hei: mir invitéieren erëm op e Maufel, well mir maachen elo eng gutt Impressioun an enger schlechter Zäit, mir behuelen eis quasi anti-cyclesch, domat kréie mir eng gutt Press, da gett d' Ambiance besser, d'Confiance kënnt erem an d' Bilancen vun der BIL déi stëmmen dann erëm  -  à long terme, net direct. Montrer qu'on a  bon pied, och wann een e bessi hippt.

Anere Scenario bei der Luxair. Fréier huet déi op hir Bilans-Konferenzen an de Restaurant invitéiert, et gouf Knippercher a Kaffi a Gadgetten, deeër däierer, a kleng Fligeren, déi stinn elo op eise Redactiouns-Dëscher. Dëst Joer war dat anescht, ganz anescht: d' Presentatioun war am Cargo-Center, an engem vun deene laange Gebeier, do ënnen sinn Camionën bäigefur, uewen kruten d'Journalisten e Bic an eng Dokumentatioun an dat wor et. Schreiwe konnte se, wann se de Bloc-Notes op hir Knéie geluecht hunn. Hannen stung e besse Gedrénks, op der Säit e puer Schnittercher. De  Marc Hoffmann huet d'Kris an der Aviatioun detailléiert. A vu datt mer jo zu Lëtzebuerg waren an och e pur däitsch a franséisch a belsch Journalisten am Raum woren, huet de Marc Hoffmann zur éischtbeschter Koiné gegraff an d'Zuelen op - logesch - Englesch presentéiert. Esou datt een de Plaiséier hat, lëtzebuergesch, däitsch a  franséisesch  Journalisten op gebrachen Englesch froe stellen ze héieren - et war  fir ze hurelen an et géng een der Luxair am léiftsten soen, bleif mat zwee Féiss um Buedem, schwätz wéi d'Leit. Mee enger Air-Line seet ee net se soll um Buedem bleiwen, dat brengt Ongléck, also weider am Pilote-Language   - deen hate mer um Sénnengerbierg fréier alt emol am Radio: wa mer de Kanal 18 lauschtere wollten hunn op eemol Piloten op English am Transistor gekrëckelt. Mee zereck an de Cargo-Center, wou d'Luxair mat alle Moyens matgedeelt huet, d'Zäite wiere schlecht an et misst gespuert ginn. Schluss mam Jux, d' Luxair behëllt sech also total cyclesch, flitt am Kriseschwaarm mat.

Meng Bank awer mécht mer do Kappzerbrieches. Wéi déi Bank sech ëmgedeeft huet, wéi d' BGL d' Fortis ginn ass, du sinn ech mat enger Euro-Schécks-Kart dorëmmer gelaf do stung nach BGL drop. Dunn ass d' Bank iwwer de Weekend stënterlech krank a genee esou stënterlech erem gesond ginn, a se huet sech ëmgedeeft. Aus der Fortis ass erëm d' BGL ginn. Dunn huet e Bankomat hei uewen um Kierchbierg meng BGL-Euroscheckskart gefriess, ech hunn eng nei gebraucht - a wat krut ech , richteg, eng vun der Fortis, orange a roud a blo mat engem Clown vum Roland Schauls. Wéi ech d'Madame an der Keess gefrot hunn, firwat meng fuschnei BGL mir eng stënterlech arrierréiert  Fortis-Kart géng ginn - dunn huet déi Madame mer geäntwert, Zitat, "déi Karten ginn an DeitschLand gedréckt".   Ah bon.

Op enger vun de villen BGL-Konferenzen an der Lescht hunn ech dunn engem Directer dat erzielt an dee sot mer: "Denkt ierch einfach, dat wier dephaséiert".

Dephaséiert. Eng fantastesch explicatioun. Well d'Wuert dephaséiert passt op alles, wat an der Lescht hei am Land lass ass: de Wahlkampf, dee kee Kampf ass, de Budget esouwiesou, d'Dexia-BIL, déi gutt Wieder mécht obschons et nach ëmmer kräfteg bléist, d'Luxair, déi Britesch parléiert, obwuel nëmmen d' Groussregioun nolauschtert, de Premier, deen déisäit der Musel den zweete Präis kritt, de Jang, dee seet de Sarkozy hätt de Jean-Claude hannert d'Lisette geloss. A kee ka mer explizéieren, wien d' Lisette ass wat een derhanner mécht. Mee en Phase mam Wahlkampf waren d' Zozialisten nemmen deen Ament, se hate nëmme bal ugefang mat Gestreids. Mee du koum d' koalitionär potion magique, den Téi vum Séi, an d' Sozzen hu gemierkt, datt sie op jidferfall an der Regierung bleiwen, egal mat wiem. Esou eppes ass gutt  fir d' Nerven, e puer Deeg iert de Souverain an d' Kabin geet.

Dephaséiert, anti-cyclesch, nieft dem Dill, d'Kris bitt vill. 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!