Et ass Vakanz....
RTL - 12.07.2012, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.07.2012, 06:54 | 4 Commentaire(n)
Nach dës Woch, an dann ass d'Saison gelaf: hei um Radio, op de Banken, an de Schoulen an zu engem groussen Deel och an der Politik.

Um ordre du jour nach just ee Punkt: et ass Vakanz.
E leschte Commentaire vum Guy Kaiser....
Eigentlech wollt ech e Commentaire schreiwen iwwer dee verschassene Summer. Ma du koum grad e gudde Schluet, een dee sech gewäsch huet, een, op deen e kräftegt Donnerwieder no koum an nach no kënnt.
Déi ganz Generaldirektioun vun der Spuerkeess huet an engem Schreiwes de Chamberpresident wësse gedoen, datt hire Generaldirekter Jean-Claude Finck wéinst dem Bankegeheimnis muss Raute wénken an einfach net ka virun der Finanzkommissioun aussoen.
Secret bancaire oblige! D'Direktioun hält sech hei strikt un d'Gesetz, dat ass richteg, an dat ass falsch. A mengen Aen hätt si ganz einfach mussen an d'Kommissioun goen, aus Respekt virun de Leit déi vum Wielervollek op de Krautmaart geschéckt goufen; et wier 1. net fir d'éischt gewiescht an 2. hätt de Generaldirekter zu engem gewëssenen Ablack kéinte "Stop" soen: wa Froen ze vill indiskret fir d'Bankgeschäft, pardon, fir d'Geschäft mam Client gi wieren, hätt een ëmmer nach Zäit gehat, fir sech hannert dat Bankgeheimnis ze stellen!
Dat hätt natierlech als Konsequenz gehat, datt esou gutt d'Vollek ewéi och Deputéierten - besonnesch där aus der Oppositioun- zu der Konklusioun komm wieren: Aha, do ass also dach eppes ze verstoppen.
Mä, si mir net scho méi laang an esou enger Situatioun, wou de Lëtzebuerger ufänkt, sech eescht Froen ze stellen?!
Deene Gréngen an deene Bloen geet d'Loft aus, krut een an de leschte Wochen dacks aus de Reien vu Regierungsparteien ze héieren, wuel verbonne mam Wonschdenken: gläich ass de quatorze juillet, d'Vollek geet an d'Vakanz, a wann d'Caravane um Makadamm zeréck ass fir heem, ass alles vergiess. Bei Gréng a Blo krut een dat nämmlecht ze héieren, just net als fromme Wonsch formuléiert, ma als pur Angscht.
Also goung een dervunner aus, datt déi zwou Oppositiounsparteien nach deen een oder anere Joker hätten, fir d'Saach an d'Längt ze zéien, fir datt een am September direkt en neien Ulaf kéint huelen. Mat der Decisioun vun der Spuerkeess - net an d'Kommissioun ze pilgeren- haten dës zwou Parteien "ein gefundenes Fressen", dat si elo no allen Noute vun der Konscht kënnen ausschluechten.
Wéi gesot, ech hu Versteesdemech fir d'Spuerkeess, ma grad an dësem Fall sech hanner d'Bankgeheimnis ze verstoppen, an engem Fall, wou et ënner anerem jo eben ëm d'Bankgeheimnis geet, ass Mumpitz. 5 Leit aus der Generaldirektioun hunn hire Kreepchen drënner gesat, fir datt nëmmen net d'Meenung opkënnt, do wär een sech net eens an et géing een den Här Finck am Ree stoe loossen. Domatter wär ech nees beim verschassene Summer a weess, datt mir an e puer Woche schonn all erëm sinn aus der Vakanz am Süden, datt dann d'Blieder ufänken, an d'Allée Schäfer vun der Schueberfouerplaaz ze falen an datt d'Oppositioun net labber léisst.
Esou, wéi en Deputéierten aus dem Vollek kënnt a vum nämmlechte gewielt gouf, ass d'Spuerkeess d'Bank vum Mann vun der Strooss.
D'Spuerkeess ass d'Bank vun alle Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen.
Grad Fonctionnaire vun der Spuerkeess sollen sech där Vocatioun bewosst sinn- och e Generaldirekter.

Äre Commentaire