Wahlkampf
RTL - 05.06.2009, 07:47 | Fir d'lescht aktualiséiert: 15.06.2009, 15:00 | 2 Commentaire(n)

Wéi scho jiddferen sech op de Wahlsonndeg agestallt hat, du huet Hien zougeschloen: de Jean-Claude Juncker. Mat engem Niewesaz op senger Tournée duerch d'Land huet hien sech nees massiv an de Mëttelpunkt vun der Campagne a vun der Ëffentlechkeet katapultéiert. Seng Annonce, an enger nächster Regierung net méi de Posten vum Finanzminister ze iwerhuelen, gëtt zënterhir vill discutéiert. Et muss ee sech natiirlech d'Fro stellen, wat de Jean-Claude Juncker mat dëser Ausso bewierke wollt, well eent ass kloer: ouni Absicht huet en dat net gemaach. Seng Précisioun - hie kéint och ouni Finanzminister ze sinn President vum Eurogrupp bleiwen - ass e Message dee sech souwuel un de Lëtzebuerger Wieler, wéi un d'europäesch Noperen adresséiert. D'Awunner sollen d'Impressioun hunn, dass sech de Premier a Krisenzäiten méi ëm d'Innepolitik bekëmmert, anersäits awer doniewt eng wichteg Roll an Europa spille kann.
An dann ass dës Ukennegung last but not least e formidable Coup de Pub fir de Luc Frieden, deen an der nächster Regierung eng Promotioun kréie soll.
Esou eng Ausso documentéiert awer och, dass d'CSV sech absolut sécher ass, d'Wahlen ze gewannen. Dass de Wieler e Sonndeg nach an d'Wahlkabinn muss, gëtt nach just als eng reng Pflichtübung ugesinn.

Äre Commentaire