Schlecht Pub

RTL - 18.07.2012, 12:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 18.07.2012, 12:25 | 19 Commentaire(n)

Auteur: Nico Graf
Den Tour de France, sot op eiser Antenne de RadioShacker Pressespriecher Philippe Maertens, den Tour wëll jiddwer negativ Publizitéit evitéieren.

An dat ass ee vun de Grënn, firwat de Fränk Schleck aus der Course geholl ginn ass.

Keng negativ Publizitéit – dat muss ee sech op der Zong zergoe loossen.

Well den Andy an de Fränk bei de Leoparden – dat war vun Ufank u soss näischt wéi Publizitéit.

Pub emol virop fir de Flavio Becca a seng Bauprojeten. Am Nohaltegkeetsministère sëtze kritesch Beamten, déi soen, wann den Andy 2011 den Tour gewonn hätt, da wieren elo schonn d’ Baggeren zu Léiweng am Gaang ze wullen, well da wier de Flavio Becca helleg gesprach ginn a mat him d’Coureuren a sämtlech Politiker.

Pub och, wéi se de Premier an de Leoparden-Dress gequëtscht haten.

Pub och, wéi d’ Politiker sech op de Fotoe gedréckt hunn fir vun der Auréole vun den Munnerefer Nationalcoureuren méiglechst vill Schäin matzekréien.

An op emol geet alles schif, den Tour gëtt net gewonn, et gëtt Perquisitiounen, et gëtt kee staatleche Goss méi fir ze bauen, et gëtt Plainten, an Enquête-Dossieren stinn déi interesssant Saachen dran, de Lucien Lux geht von Bord, de Fränk blesséiert sech am Giro, den Andy duerno, a si protestéieren well hier Pai net méi kënnt, de Restaurationswon vun de RadioShacker steet am Garage, an esouguer auslännesch Zeitungen schreiwen, de Flavio Becca hätt sech a senge „Kreditlinien verheddert“. Kéipweis, tonneweis negativ Publicitéit.

Just den dapere Romain Schneider hat net gemierkt, wéi de Wand gedréit hat a war nach op Léck gefuer fir beim Grand Départ e bësse Schleck-Bronzage matzehuelen.

Pardon fir den Ausdrock: mee de Summer ass elo definitiv verschass. Aubisque, Tourmalet, Aspin, Peyresourde – dat ass den Tour-Menu fir haut, ech hat mech drop gefreet, an elo déi total negativ Pub, déi Titelen, wou ëmmer positiv steet an et ass eppes enorm Negatives gemengt.

Ech froe mech just, wat mécht den offizielle Lëtzebuerger Publicitéitswon elo an der Karawann vum Tour, elo, wou awer och iwwerhaapt kee Lëtzebuerger méi an der Lëtzebuerger Equipe an um Tour matfiert.

Wahrscheinlech jabele se nach mat an hu just eng Pancarte queesch iwwer de Won gepecht, wou drop steet „Grand-Duché fermé pour cause de diurétique“. Diurétique, w.e.g, net Doping, diurétique, well och fir déi negatiivst Pub gëllt d’présomption d’innocence.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!