Mam Iesse spillt ee net ...
RTL - 17.09.2009, 07:24 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.09.2009, 12:43 | 0 Commentaire(n)

Mam Iesse spillt een net – heescht et – an d'iwwert d'Fro, op et ethesch OK ass, Mëllech an ee Feld ze kéieren, kann ee laang diskutéieren. Allerdéngs sollt een dann och driwwer schwätzen, wéi sënnvoll et ass, méi Kéi am Stall ze hunn, wéi een der brauch. Hei am Land gëtt zanter ville Joren ze vill Mëllech gestrach – Lëtzebuerg ass esou guer ee vun deene Länner, déi all Joers eng Strof bezuele mussen, well d'Quote iwwerschratt gëtt. Zejoert waren dat ëmmerhin iwwer 500.000 Euro.
Mir hunn also keen Engpass. Dat de Baueren elo d'Waasser bis zum Hals steet, bezweiwelt keen – et ass fir all perséinlecht Schicksal tragesch an och historesch relevant, dat ëmmer méi Baueren hire Stall zoumaachen.
Der Politik fällt dozou net ganz vill an – eng Campagne wéi "Drénk Mëllech" ka kaum ee Mëllechbauer retten. Bei aller Solidaritéit - esou vill Mëllech ka keen a sech eraschëdden. Et hätt een sécher kennen méi kreativ un d'Agrarpolitik erugoen – an de Baueren e bëssen hëllefen, fir sech aner Debouchéen ewei Mëllech afaalen ze loossen.
D'Fuerderung vun de Mëllechbaueren, et misst verhënnert ginn, dat se bëlleg an engem Discounter verkaf gëtt ass allerdengs– mat all Respekt fir de Betriebsgeescht vun engem Bauer – zimlech naiv.
Esou funktionéiert eise Marché net, Mëllech ass do eng Wuer wéi eng aner– mat protektionistesche Moossnamen kéint d'EU als Industrie-Natioun, déi exportéiere wëll, direkt apaken – och dorun hänke vill mënschlech Schicksaler. Ween däerf dann elo éischter iwwerliewen?
Op dës Fro, gëtt et keng Äntwert, déi ethesch OK ass.

Äre Commentaire