Marathon-Sträit: Méi penibel geet et net méi

RTL - 22.09.2009, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 24.09.2009, 15:05 | 9 Commentaire(n)

Auteur: Rich Simon

Départ an Arrivée vum Nuetsmarathon sinn also net bei der Coque. Dat ass vun e Méindeg u sécher. Déi Responsabel vun der Coque hu sech queesch geluecht. Eng Desisioun, déi ganz schwéier ze verstoen ass. Ee Commentaire vum Rich Simon.

Gëschter sinn ech mat enger gewëssener Virfreed op den INS gefuer an der Hoffnung, dass erwuesse Leit, déi zesummen un engem ronnen Dësch sëtzen, och eng Léisung fannen. An der Entrée un engem Dësch souz ee Mann alleng, mat Laptop an Aktekoffer.

Et war den Erich François.

Hien ass mer bëssche virkomm, wéi een Hond, deen net huet dierfe mat bei de Metzler ra goen. Hien, den Haaptpersonnage am Trauerspill Marathon - Coque huet net däerfe bei deenen aneren um ronnen Dësch sëtzen. Annerhallef Stonn huet hie schéi brav wéi de Mupp bei der Metzleschdier misse waarden. Waarde bis déi 3 Häre vun der Coque de Sall verlooss haten. Zur hënneschter Dier eraus w.e.g. Fir dass se bei der viischter dem François, dee Mann, deen zwou Personalitéiten huet, dixit Gab Deibener, net hu missen an d'Aae kucken.

Een Interview wollte se mer net ginn. Dat hätt mech och bëssche gewonnert.

Dunn huet denn Erich François och dierfen un de groussen Dësch. Bei déi, déi nach do waren. No enger Véirel-Stonn ass déi viischt Dier opgaangen, bal alleguerten hunn se de Kapp gerëselt. Et war keen Accord fonnt ginn. D'Coque bleift de 15. Mee dat nächste Joer eidel. Wéi esou dacks.

Wat ech mech elo froen, ween huet décidéiert, dass den Erich François net huet dierfe vun Ufank un derbäi sinn?

Villäicht war et d'Konditioun vum Gab Deibener, dass hie sech iwwerhaapt op den INS beweegt huet.

Well d'Decisioun vun der Coque war schonns unanime de leschte Freide gefall. Net mam François.

Dat wier et, een trauregen Héichpunkt vun enger Affaire, déi méi penibel net méi ka sinn.

Ech wollt mech op dësem Wee nach beim Erich François entschëllegen. Ech hat keng Suen derbäi, fir ëm ee Gedrénks aus dem Apparat ze kafen. Well wann een Hond esou laang virun der Dier beim Metzler muss waarden, da kritt en awer op d'mannst eng Schossel mat Waasser dohinner gestallt.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!