Keng Zäit fir "Trippelschritte"?

RTL - 24.09.2009, 08:09 | Fir d'lescht aktualiséiert: 24.09.2009, 11:21 | 3 Commentaire(n)

Auteur: Robi Sinner
De nächsten Dënschdeg gëtt de Budget fir dat anert Joer an der Chamber déposéiert. E ganz wichtegen Ament, wou mat den éischten Aschnëtt bei den Depensen ze rechnen ass.

D'Regierung wëll zwar di nächst zwee Joer di bannescht Nofro net erwiergen an d'Investissementer relativ héich halen, ma och beim Staat ginn dat anert Joer di éischt Budgete reduzéiert.

D'gëtt eess spannend, wat dann um Enn kann ëmgesat ginn a wat net. Wou deen ominéise Finanzéierungsvirbehalt spillt a wou net. E wichtege Rendez-vous dierft dann eemol de Mount an der Finanzkommissioun sinn, wann de neie Ressortminister di leschte Chiffere presentéiert.

Den David Luc Frieden muss och Goliath spillen an uecht dinn, datt net zerdréckt gëtt tëscht den Doléance vun alle méigleche Säiten an der Realitéit vun de Chifferen: Am Gesondheetssecteur rumouert et... de fonds pour l'emploi, de maintien dans l'emploi an d'Kuerzaarbecht ginn ëmmer méi strapazéiert... d'Gesondheetskeess muss Lächer stoppen... an d'Rentemauer gëtt ëmol vu kengem méi ugezweiwelt.

De Staat muss erëm léine goen. Zwou bis dräi Milliarden Euro sinn dat anert Joer am Gespréich, ech loossen Iech dat selwer mol 40 multiplizéieren. Do bleift engem d'Loft ewech.

An da freet den OGB-L een Dag méi Eltere-Congé wéint der Schwéngsgripp.

Do ass d'Zeit der Trippelschritte, wéi de Jean-Claude Juncker di nächst Zäit am télécran nennt, nach net ukomm. An och eng Verméigenssteier, déi knapps ofgeschaf ass, erëm aféiere (nach ëmmer OGB-L) mécht d'Bëtschel net fett.

D'CSV dann: Och do kann ee gespaant sinn iwwert de Gruef tëscht dem Usproch vun der Partei sech fir di kleng Suerge vun de Leit anzesetzen an der Realitéit.

De Partner vun der LSAP ass jo schonn nogezunn a wëll Bëndnisser mat alle Gewerkschaften, och mat der CGFP... d'Staatsbeamten, déi wëll een net géint sech hunn... zemol wann ee bedenkt, datt gläich d'Halschent vun de Wieler direkt beim Staat schafft oder am konventionéierte Secteur.

Während de Budget vum anere Joer also soll en exzeptionellen Defizit opweisen, fuerderen d'Sozialisten den Ausbau vum Sozialstaat a stellen an engems d'Fro vun der Selektivitéit bei den Ausgaben an ganz speziell an der Sozialpolitik. Ça promet!

D'Mëllechkou vum Finanzsecteur léisst sech op alle Fall net éiweg sträichen. A wann de Mëttelstand bis eemol richteg Rëss kritt, da rabbelt et zerguttstert.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!