D'SPD ka wierklech vu Chance schwätzen

RTL - 29.09.2009, 08:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.09.2009, 15:23 | 9 Commentaire(n)

Auteur: Francine Closener
Eis wichtegst Nopeschland kritt eng nei Regierung: déi Däitsch hu sech fir Schwaarz-Giel decidéiert an d'SPD ofgewielt. Dozou ee Commentaire vum Francine Closener.

D'SPD ka wierklech vu Chance schwätzen. Datt se net nach méi schlecht ofgeschnidden huet? Jo, dat vläit och. Mee virun allem, well de Wieler hir kloer gewise krut, wou de Bock d'Lach huet. Et geet riicht ewech an d'Oppositioun. D'Néierlag vu Steinmeier a Co ass sou däitlech, sou krass, datt iwwerhaapt keen op d'Iddi komm ass, et kéint ee jo vläit awer nach an der Regierung bleiwen. Nix da. An dat ass gutt esou. Well déi lescht 4 Joer als Juniorpartner an der grousser Koalitioun ware beileiwen net déi Bescht fir d'"Spezialdemokraten", där hire Misär eigentlech scho méi fréi, mat der Agenda 2010 ugefaang huet.

D'Oppositioun ass ganz einfach dat Bescht, wat hinnen elo ka geschéien.

Do kënne se sech op déi elementar Froe besënnen, wat se falsch gemaach hunn, firwat d'Wieler hinnen den Asaz fir sozial Gerechtegkeet net méi gleewen a woumat se der Lénk et ëmmer méi liicht gemaach hunn.

Do kann d'SPD sech dann och personnell erneieren, quitte, datt de Steinmeier sécher net hire gréisste Problem ass- een Topbeamten ass eben net onbedéngt een Toprhetoriker. Mee de Mann huet sech gebessert an dovun ofgesin hält sech och der Kanzlerin hire Charisma a Grenzen- do läit also d'Kromm net an der Heck.

Trotzdem wieren e puer méi jonk Käpp wëllkomm- an den Här Müntefering an der Pensioun bestëmmt gutt versuergt. Mee virun allem kann d'SPD elo erausfannen, wee se eigentlech ass a firwat se steet, ouni datt se hir Identitéit aus Koalitiounsraison ëmmer erëm misst hannedru stellen, respectiv verroden.

Anescht also, wéi hir Schwësterpartei LSAP, déi fir d'Wuel vum Land alt rëm der CSV derbei hëlleft, ëmmer méi staark ze ginn.

Eng LSAP, déi fäerte muss, datt Sozialofbau bedriwwe gëtt, an d'Wieler just an elleng si dofir responsabel man. Déi net weess, op se nach méi an d'Mëtt wëll oder awer rëm no lénks. Déi den Aarbechter-A am Logo behält, obwuel et keng Aarbechter méi ginn a souwiesou all Partei wëll déi vun de klenge Leit sinn. Déi an de leschte Joren déi personnell Erneierung schrecklech vernoléissegt huet, sou datt den LSAP-Nowuess dem breede Public komplett onbekannt ass. An déi Chance huet, datt et bei der Lëtzebuerger Lénk keen Oscar a kee Gysi gëtt- soss wieren am Juni nach vill méi Stemmen no lénks fleete gaang.

Mee sou huet d'LSAP ebe rëm kënnen oder wëllen oder mussen an d'Responsabilitéit- op se een änlecht Schicksal wéi dat vun der SPD evitéiert kritt, dat muss sech weisen. Den Ament gesäit et net onbedéngt doeno aus.

 

 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!