Bommeleeër: Forces du désordre
RTL - 08.10.2009, 07:03 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.10.2009, 08:22 | 7 Commentaire(n)

Zynismus ass elo Tromp an et huet iwwerhapt keen Zweck, Skandal ze brëllen, wann een eleng birelt. Et huet kee Sënn Staatskris ze soen, wann déi eenzeg, di dat och soen, nëmmen déi Gréng sinn. An all déi aner maache Business as usual a sinn mässeg amuséiert.
Virun 25 Joer sinn eng 20 Bommen explodéiert. Zwee Joer duerno huet den FBI jidferengem, deen et huet misse wëssen, an engem Rapport gesot, d’ Enquêteuren misste no Kollegen sichen. Dat wossten déi awer schon an zwar zanter Mëtt Juni 1985, wéi am Parking op der Theaterplatz d’ Léisegeld net konnt de Propriétaire wiesselen. Deemols haten d’ Bommeleeër an engem Bréif mat hierem Wëssen uginn an detailléiert opgezielt, watfer Police-a Gendarmeries-Corpsën op der Plaz waren, mat force Detailer, déi nëmmen Insider, Gendarmen, Polizisten wësse konnten.
Am Fong ass vun do un d’Intox gelaf. Well déi Gutt wosste vun do un, datt et et ënner hinne Béiser gouf.
"Ech sin schwäi-rosen“, sot eng Kéier e fréieren Enquêteur, "well mir kruten ëmmer gesot, mir Gendarmen hätten a kéinten esou eppes net.“ De Mann war rosen, well bei der Police war – 22 Joer no den Attentater - eng Sprengkëscht fonnt ginn, e petit nécessaire du parfait poseur de bombes, kloer, datt et esou eppes gouf, well an der Brigade mobile hunn se dat jo gebraucht, fir Dieren opzesprengen, wou Béiser derhannert souzen. Genee wéi se an der Brigade och schéissen a lafen a sprangen a kloteren a mat schëtzegen Autoe furen konnten an intimst Kenntnisser iwwer Horaires de travail vun de Kollegen an iwwer déi sécherheets-relevant Plazen am Land haten.
Mee vun der Sprengkëscht wosst offiziell keen eppes an datt d’ Bommeleeër Kollege hu misse sinn, doriwwer huet kee geschwat.
Haut muss ee soen: Déi Herren Harpes, Reuland, Schockweiler, Stebens, Zovilé, Hoffmann hunn dat misse wëssen, well sie waren net méi domm wéi de Gebrauch. (Parenthèse: Wat sie iwwregens de Politiker gesot hunn, dat froen ech mech nach ëmmer. Parenthèse zou)
Déi Herren wossten a wëssen also zanter 25 Joer genee, wat lass war. A se kréien haut hart an däitlech gesot, datt si vill méi wossten wéi sie jee zouginn hunn, vum Procureur Biever, a jidfer Interview.
Et ass evident: de Skandal ass ënner den Teppëch gekiert ginn; jidfereen deen et huet kënne wëssen, wosst, wien d’Bommeleeër wieren.
Den zweete Skandal ass, datt - wéi an de leschte Joren alles opgeschäicht ginn ass, wéi den Teppech gelicht ginn ass - datt et elo nach ëmmer Leit gëtt - wat soen ech: Beamten, fréier Staatsdénger - datt déi nach ëmmer mengen, sie missten a kéinten den Teppëch ferm um Buedem halen. Obschons deen Teppëch elo esou lues a lues en tapis volant gett, wou awer och jidfereen drënner kucke kann.
Elo hunn vu partieller Amnésie geplote Leit ënner Eed ausgesot. Zynesch Kollegen an zynesch Polizisten sote mer, dat géing sie nach just amuséieren, (Zitat:) da léien déi elo eben ënner Eed. Wat si mer esou zynesch a wat si mer all esou domm drun, well mer wësse net watfer Konsequenzen draus ze zéien sinn, datt de Procureur seet, déiselwecht Leit, déi fir Sécherheet gesuergt hunn, déi Ministeren a Premiersen dorëmmer kutschéiert hunn, déi de Poopst an der Stad an de Grand-Duc zu Cabasson bewacht hunn, datt et déi Forces de l’ordre sinn, déi dréngend verdächteg sinn d’ Bommeleeër ze sinn. Déi Attentäter hunn engem Ingenieur d’ Hand futti gebommt, hunn en déidleche Booby-brap gebaut, hunn Dosende Leit op der Escher Autobunn a Gefor bruecht, sinn en fin de compte reponsabel fir den Doud vun engem jonken Zaldot, dee wéint hinnen huet missen op Wuecht fueren an dobei an engem Autos-Accident gestuerwen ass, an d’Bommeleeër hunn och der Portiers-Famill um Geriicht Angscht gemaach fir de Rescht vum Liewen, a se hunn e Gendarm um Verluerekascht hallef daf gemat.
Déi Forces du désordre koumen aus de Forces de l’ordre.
An d’Perquisitiounen sinn op de beschten Adresse vum Land.
Mir mussen zynesch domat ëmgoen, well soss misste mer d’Geschicht vum Land ëmschreiwen; d’Success-Story vun der Police-Reform, déi d’nächst Joer mat groussem Brimboire hir 10 Joer feiert, an d’privat Karrieres-Story vun eenzelne Leit, dat misst alles nei interpretéiert, nei bewäert, richtig zortéiert ginn.
De Bommeleeër - Skandal ass en Deel vum Fëllement vum Land.
T’ ass fir sech freckt ze kräische, wann et net fir ze laache wier. Mee et gëtt der, gleeft mer es, déi sech freckt gekrasch hunn a nach kräischen. An anerer laache nach ëmmer an hirer Stopp. A firwat déi, di de Mond halen, deenen di laachen, nach ëmmer follegen – dat ass d’Fro vun alle Froen.

Äre Commentaire