Nei Biese bei der ADEM
RTL - 21.10.2009, 07:13 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.10.2009, 17:44 | 0 Commentaire(n)

Den neien Aarbechtsminister Nicolas Schmit huet seng éischt Réunioun vum permanente Beschäftegungscomité présidéiert. Hie wëll dee Comité an Zukunft als dat Instrument notzen, wat et soll sinn, nämlech eng Zort Tripartite. Ausserdem wëll den Aarbechtsminister d'Reform vun ADEM bis Juni stoen hunn.
Et bléist een neie Wand um Rousgäertchen, elo mol ganz dovun ofgesinn dass d'Gebai komplett renovéiert ass. D'Pressekonferenz war ee Genoss: An enger halwer Stonn war alles gesot an et huet een souguer alles verstan.
Tëscht den Zeile war et eng Kritik um Aarbechtsminister vu bis elo, dem François Biltgen. A verschiddene Bureauë vun der ADEM ass d'Situatioun katastrophal, d'Reform ass méi wéi noutwendeg a virun allem dréngend, sou de Successeur. Op säi Virgänger vun der CSV ugeschwat seet den LSAP-Mann e wéilt elo net ufänken ze soen deen an deen hätt Zäit verluer oder wat och ëmmer, mä et wier elo héchsten Zäit et ze maachen. Bis Juni soll d'Konzept stoen an et sëtzt ee franséischen Expert mat am Boot. Sou soll Politik sinn, dat upake wat wichteg ass a sech selwer mat konkreten Deadlinen ënner Drock setzen.
Sou lues freet ee sech firwat de François Biltgen sech sou schwéier gedoen huet mat där Reform. OK, am Juni wësse mer eréicht ob den Här Schmit d'Reform da wierklech entaméiert mä bis dohinner ass den Aarbechtsministère bei der LSAP gutt opgehuewen. Déi nei Biese kieren eben awer besser.
AUDIO: Den Tëscheruff op RTL Radio Lëtzebuerg »

Äre Commentaire