Al géint Jonk
RTL - 27.10.2009, 07:27 | Fir d'lescht aktualiséiert: 27.10.2009, 10:04 | 5 Commentaire(n)

Wat ass méi schlëmm: Mat 18 Joer am Chômage säi Berufsliewen ufänken, oder mat 48 am Chômage säi Berufsliewen ophalen?!
Ganz kloer déi lescht Kategorie! Mat 50 Joer fënnt ee kee Patron, deen een hëllt. Eigentlech komplette Blödsinn, well mat 50 Joer ass e vläicht méi motivéiert, ze schaffen, ewéi mat18, besonnesch dann, wann dee Jonken sech de Luxus geleescht huet, ouni de gerëngsten Diplom op de marché ze kommen. Mat 50 kritt ee keng Kanner méi, et hëllt ee kee Congé parental, et huet een d’Kannerkrankheeten hannert sech, kuerz, et ass een disponibel fir ze schaffen.
Loosse mer et e bësselchen nuancéieren. Bei eelere Leit: Déi an d’Aarbechtslosechkeet falen, sinn der drënner, déi selwer un hirer Situatioun Schold sinn; déi meescht awer hate Pech: Hire Patron konnt net méi bezuelen, d’Firma huet zougemaach. Dës Leit hunn op d’mannst bewisen, datt se bereet sinn ze schaffen: Si hunn eng Familljen opgebaut, denke méichlecherweis un déi spéider Belouhnung, nämlech d’Pensioun a kréien dann, e Fouss hannebäi.
Jonk Leit, déi d’Schoul verloossen, hunn dacks nach alles ze beweisen. Déi eng hunn en Diplom an der Täsch, déi aner net; do ginn et Jugendlecher, déi trotz guddem Wëllen, enorm Problemer mam Schoulsystem hunn; et ginn och där anerer – an et sinn der vläicht méi, wéi een als soziale Mënsch wëll zouginn, déi sech royalement foutéieren. Grad an Direktioun vun dëse Jugendlechen ass et d’Signal: maach de klengst-méiglechen Effort, de Staat këmmert sech ëm déch.
Wéi gesot, ech wëll net pauschaliséieren, just de Plädoyer fir déi Al halen. D’Kris huet Spuenien ganz hefteg erwëscht, a wat hunn se erausfonnt: de Jugendchômage klëmmt enorm! Explikatioun:Eet handelt sech ëm d’Kanner vun enger Generatioun, déi sech eropgeschafft huet. Papp a Mamm wëssen, vu wat d’Suen hirkommen, Fils an Duechter goufen domatter voll gefiddert a kennen d’Originnen net. Si goufen ni forcéiert, sech um Aarbechtsmaart duerch ze setzen. „Im Schweisse deines Angesichts...“ war déi biblesch Formulatioun; déi Jonk betruechten dat just als Strof a schwätze léiwer vum Nationale Wuelstandsbarometer.
Bleift als Argument de Käschtepunkt, an zwar vun haut un- wann de Projet gestëmmt ass- nach méi wéi gëschter: Als Patron entloossen ech de Bop, de mech ze deier kascht, an huelen e jonke Spunt eran, deen zwar vun Tuten a Blosen keng Ahnung huet, mä, dee wéinstens fir e Joer kräfteg subventionnéiert gëtt.
Ë kascht mech also manner, a wann d’Joer riwwer ass, setzen ech de jonken Här op d’Strooss. Do begéinen sech dann déi zwou Generatiounen, a kënnen zesumme stempele goen.
Et gi méi där aler Chomeuren, wéi där Jonker: 2.500 géint 2.160...de grousse Worf vu sozialer Visioun ass de Projet net. Et sief, et kéim eng Rallonge fir d’Bom an de Bop.

Äre Commentaire