E Posten, deen en verdengt hätt. Mee dat ass kee Critère.

RTL - 03.11.2009, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 02.11.2009, 17:30 | 6 Commentaire(n)

Auteur: Francine Closener

Mir hunn et elo grad am Journal héieren: Wann d'Uerteel vum Verfassungsgeriicht zu Prag haut (3. November) positiv ausfält, dann ass de Wee fräi fir den EU-Reformvertrag vu Lissabon.

Den tschechesche President Vaclav Klaus huet versprach, de Vertrag deen Ament séier z'ennerschreiwen - an da geet et um Bréisseler Bazar mam Feilschen ëm déi nei europäesch Spëtzeposten richteg lass. Duerzou e Commentaire vum Francine Closener.


"Kamikaze" nennt déi éisterräichesch Zeitung der Standard de Jean-Claude Juncker, well e sech oppe géint den Tony Blair als EU-Conseilspresident opgestalt hätt - iwwerhaapt schéngt sech déi international Press sécher ze sinn, datt de Lëtzebuerger Premier definitiv aus der Course ass, fir ee Posten, "deen en verdengt hätt", wéi virun e puer Deeg e Journalistekolleg sot. D'Äntwert vun engem aneren Journalist: "vielläicht, mee dat ass kee Critère".

An sou ass et. De Jean-Claude Juncker maach een iwwerzeechten Europäer sinn, Held vun Dublin gi sinn, Dosende vu Praiser krut hunn - dat alles spillt keng Roll, wann et drëm geet, Europa een Gesiicht ze ginn:

Vill méi wichteg si Facteure wéi Parteikaart, Alter, Sex geographesch Lag a Gréisst vum Heemechtsland. Do falen dann direkt eng ganz Partie potientiell Kandidaten duerch de Sift.

Wann hien déi Selectioun dann och nach géif iwwerstoen, sou dierft et bei der cruzialer Fro dann awer zerguttst eriwwer sinn: der Fro, op d'Staats a Regierungschefen ee President mat Charisma an internationaler Reputatioun wëllen, deen sech wierklech engagéiert, oder éischter een onscheinbare Männchen, vun deem si keng Lektioune kréien, dee méi am Hannergrond schafft.

Déi 2. Optioun ass - wee wonnert et - méi wahrscheinlech, a well et déi lescht Méint och nach décke Streit wéint dem Bankgeheimnis gouf, stinn dem Jean-Claude Juncker seng Chancen éischter schlecht.

En plus ass déi ganz Prozedure alt rëm typesch europäesch, am Sënn vun onduerchsiichteg an ondemokratesch: De President gëtt nominéiert, net gewielt. No den batteren Experienze mat Referenden ass Direkt-Demokratie an Europa souwisou tabu. Mee och d'Europaparlament gëtt fei propper erausgehal, d'Staats- a d'Regierungscheffe kache léiwer - wéi ëmmer - hir eegen Zëppchen - a wonneren sech duerno, datt d'Europäer Europa einfach net wëlle gutt fannen.

D'Decisioun iwwer de Conseilspresident soll Mëtt des Mounts op engem Extra-Sommet falen - näischt ze fréi:

Fir Lëtzebuerg gëtt et nämlech allerhéchsten Zäit, datt endlech kloer ass, ween déi nächst Joere Premier gëtt oder bleift an d'Rudder an de Grapp hëlt.

Wéi sanéiert een d'Staatsfinanzen?
Wéi ee Projet gëtt Affer vum Finanzéierungsvirbehalt?
Wat gëtt aus der Finanzplaz nom Enn vum Bankgeheimnis?
Wéi behale mer d'Betriber am Land?
Wat geschitt an de Pensiounen?
Wat verstoppt sech hannert der ugekennegter sozialer Selectivitéit?

Et sinn vill schwiereg Froen ze klären, Reformen z'entaméieren, Decisiounen ze huelen - a ween dat mécht, eng Regierung Juncker oder Frieden - dat ass am Endeffekt bal egal. Haaptsaach, et geet endlech lass.

Iwwregens: Nieft dem Conseilspresident kritt d'EU jo och nach een Ausseminister, méi wéi sécher ee Sozialist. "Wann een net Kandidat ass, ass een dee beschte Kandidat", sot de Jean Asselborn d'lescht Woch.

An anere Wieder: Et hält ee sech am beschte kleng. An den Här Asselborn selwer war déi lescht Zäit opfälleg onopfälleg ...

Honi soit qui mal y pense.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!