"To impf or not to impf"

RTL - 12.11.2009, 07:46 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.11.2009, 15:09 | 3 Commentaire(n)

Auteur: Diane Klein
Ech si net prinzipiell géint d'Impfen, well zënter Jore scho loossen ech mech géint déi saisonal Gripp impfen, an hat bis elo nach ni Niewewierkungen. Mä bei der Impffro a Saachen nei Gripp, sinn ech nach net zu enger Konklusioun komm a wat ech mech iwwer de Pro a Kontra vu Sënn an Zweck vum Impfen informéieren, wat mäin Dilemma méi grouss gëtt.

E puer Fakten: Un der normaler Gripp stierwen, den Donnéeë vun der EU-Kommissioun no, vun de 500 Milliounen EU-Bierger, 40.000 bis, an enger besonnesch schlëmmer Grippesaison, 220.000 Mënschen. Wann déi Grippesaison d'ganz Joer dauere géif, wat net de Fall ass, mécht dat tëscht 110 a 600 Doudeger den Dag.

Wéi d'Weltgesondheet Organisatioun den 11.Juni dëst Joer, mat 6, déi héchst Epidemie-Warnung, eraus ginn hat, war d'Pandemie vun der neier Gripp ausgeruff, déi éischt zënter 40 Joer. Zënter Abrëll, a bis Juni, hat d'WHO a 74 Länner 147 confirméiert Doudeger duerch déi nei Gripp. D'Pandémie war also deklaréiert, an d'Staate vun der Welt sinn opgefuerdert ginn, Masseimpfungen ze préparéieren, an d'Stocke vun antivirale Medikamenter op ze fëllen.

Aner Episode e puer Joer zeréck gebliedert, bis 2005, wou d'Vuggelgripp aktuell war: deemools hat den Influenzadirekter vun der WHO, den Däitsche Klaus Stöhr virun enger weltwäiter Epidemie gewarnt mam Risiko vu bis zu 7 Milliounen Doudegen. Mëtt November 2006 war abemol keng riets méi vun der Vuggelgripp a weltwäit war hire Bilan bei 152 Doudegen. Trotzdem, d'Warnung vun der WHO viru Milliounen Doudegen hat gewierkt, an obwuel keng Pandemie deklaréiert gi war, sinn déi grouss aus der Pharmaindutrie mat décke Commanden vu Vaccins an antivirale Medikamenter geseent ginn. Fir de WHO-Influenza Zar, wéi en och alt mol genannt gëtt, Klaus Stöhr, war et d'Zäit vum Karschnatz, hien ass 2007 bei deen drëttgréisste Pharmakonzern op der Welt bei Novartis gewiesselt, wou hie mat un der Spëtzt ass.

An Tëschenzäit ass aus der Vuggel - eng Schwéngsgripp ginn, an duerch d'Pandemie-Warnung vun der WHO, ass d'Produktiounsmaschinerie vu Vaccins a Medikamenter relancéiert.

Lëtzebuerg huet 700.000 Impfdosen akaaft, an huet dem Produzent, GlaxonSmithKline, grad wéi déi aner Länner missen ënnerschreiwen, datt de Produzent net kéint haftbar gemaach ginn. Och dat werft Froen ob, zu mol well d'Wierkungsverstäerker, déi sougenannten Adjuvants ënner Expären ëmstridde sinn.

D'Géigner warne virum Risiko vu ganz schroë Niewewierkunge mat Laangzäitschied fir d'Gesondheet.

Vis-à-vis vun engem net mutéierte Virus wier et zu dësem Ament irresponsabel dee Risiko an ze goen.

D'Pro-Pandemrix Fraktioun erklärt dogéint, datt nëmmen eng Impfung ee valable Schutz bidd, datt genuch iwwer déi Adjuvants gewosst wier, an den Impfstoff schliisslesch och déi néideg Zouloossungsprozeduren duerchlaf huet. Weem gleewen? Et kéint ee jo, wéi et sou schéin an de Reklammen heescht, fir Risiken a Niewewierkungen säin Dokter oder Apdikter froen. Mä wann ee sech drun erënnert, datt mol keng 10% vum medezinesche Staff vum Land an engem TNS-ILLRES Sondage soten, se géifen sech selwer impfe loossen, kann ee sech denken, datt ee mat senge Froen, och vun dohier keng schlësseg Äntwert ka kréien. Jidderee misst, sou gëtt gesot, seng eegen Decisioun huelen, mä eng responsabel Decisioun huele, setzt awer viraus, datt ee komplett an transparent informéiert ass, an dat ass bis elo op d'mannst, net de Fall.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!