Gemengenagenten

RTL - 04.03.2010, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.03.2010, 07:06 | 8 Commentaire(n)

Auteur: Robi Sinner
De Gesetzprojet iwwert d'Erweiderung vun den Aufgaben a Rechter vun de Gemengenagenten (vulgo Pecherten) ass de Januar vum Staatsrot ausenaner geholl a domadder bis op weideres aus der Course geholl ginn.

Déi eng Politiker soen de Projet wier elo neméi ze reaniméieren, déi aner mengen dach.

Fakt ass awer, datt sech zanterhier (a mat Ausnahm vun de Leit um Knuedler) kee Mënsch duerfir interesséiert, wat dann um Terrain lass ass.

E Commentaire vum Robi Sinner.

Heiansdo freet ee sech op hei am Land net d'Juristen, d'Affekoten de wierkleche Pouvoir hunn.

Si si gutt an der Politik vertrueden, grad ewéi an de Verwaltungen... si schreiwen de Gros vun de Gesetz-Projeten oder peaufinéieren di groussherzoglech Reglementer.

Dat ass awer och normal, schliisslech liewe mer zu Lëtzebuerg an engem Rechtsstat. D.h. dat geschriwwe Recht huet d'Prioritéit. E Recht, dat – esou gëtt ëmmer behaapt – fir de Bierger do ass. Hie soll dovunner profitéieren.

An der Stad, zu Esch/Uelzecht, zu Ettelbréck oder och soss enzwousch huet een awer ëmmer méi dacks d'Impressioun, datt verschidde Leit regelméisseg géint Recht verstoussen.

Andeems se sech esou just laanscht d'Gesetzer beweegen, datt hinnen näischt geschitt, ma absolut géint d'Recht op e friddlecht Zesummeliewe sinn.

Do gëtt op Plazen därmoossen aggressiv opgetrueden, datt aner Leit sech onwuel fillen oder carrément verdriwwe ginn. ‚Rechtsfräi Zonen’ nennt de Stater Buergermeeschter dat.

A well d'Police jo keng Leit a keng Zäit huet fir zu Fouss (op Aenhéicht also) bei de Leit ze sinn, sollten d'Pecherten e Grapp voll Aufgabe bäikréien. Keng Pistoul, awer op d'mannst d'Méiglechkeet fir mol e Wuert ze soen oder ze notéieren.

De Staatsrot huet den Text zerrappt, mat alle méigleche juristeschen Argumenter. De Jurist an CSV-Fraktiounschef Jean-Louis Schiltz seet den Text ass dout, säi Parteikolleg Jean-Marie Halsdorf seet de Contraire.

Awer wéi een den Text ännere kann, datt en duerchgeet, fir datt de Bierger e bësel méi Chance op säi  Recht op Sécherheet a Wuelbefannen am ëffentleche Raum huet, dovunner bis elo kee Wuert.

Villäicht well Politiker an och Top-Fonctionnaire net wësse, wéi et esou ass Owes a verschidde Stroossen a Plazen. Oder alleng am leschten Zuch oder Bus, mat ongemittleche Gesellen.

Wee gewinnt ass mat oder ouni Chauffer an de reservéierte Parking ze rullen, mat der Nues bis op d'Aarbecht, dee ka sech dat natierlech net virstellen, gesäit do manner Handlungsbedarf, wéi de 'commun des mortels'.

Duerfir, wann net méi Polizisten en vue sinn, da gitt op d'mannst aner Leit d'Méiglechkeet duerfir ze suergen, datt d'Kierch am Duerf bleift (esou wéi iwwerall soss am Ausland, oder denken se do méi un den Interêt vum Bierger?).

Regele sinn zwar wuel do, ma déi sinn esou vill wäert ewéi d'Kontroll, déi dohanner stécht.

A wann d'Dammen an d'Hären an Uniform (egal a wéi enger) da nach proaktiv, mat enger positiver Attitude, gentil, mat engem Laachen optrieden, da gesäit di kleng Lëtzebuerger Welt scho ganz anescht aus. Fir déi eng a fir déi aner.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!