Fir d'éischt de Mënsch
RTL - 18.03.2010, 07:40 | Fir d'lescht aktualiséiert: 17.03.2010, 18:42 | 7 Commentaire(n)

E Patron huet sech där Deeg beschwéiert – och bei der Press- datt sech eigentlech just Gedanke gemaach ginn iweer d‘Verdeele vum Kuch an net iwer d’Manéier, wéi de Kuch zustane kënnt. De Mann kann ee verstoen: Natierlech muss och iwwer d’Betriber geschwat ginn, déi sech all Méi ginn, fir ze existéieren a fir de Leit ang Aarbechtsplaz ze verschafen. An awer muss ee sech d’Fro stellen, op d’Aarbecht hautdesdaags, grad vun der moderner Economie, als banal Wuer behandelt gëtt?! D’Economie selwer huet vergiess, datt si ouni de Mënsch net géing existéieren, iwwerspëtzt ausgedréckt: d’Economisten hu sech selwer ausradéiert.
Als Rappell: fir d’éischt kënnt de Mënsch, dann eréischt kënnt d’Economie.
De Premier huet vum Paradäis geschwat. Als Erënnerung: wéi de Mënsch de Gaart vun Eden huet musse verloossen, du krut hie gesot, datt hie misst schwéier schaffen, bis de Schweess him d’Baken erofleeft. Réischt duerno kinnt hie säin deeglecht Brout iessen. Also an der Reienfolleg: de Mënsch, dann seng Aarbecht, also d’Economie. Et brauch een net streng gleeweg ze sinn, fir ze verstoen, wat gemengt ass: D’Aarbecht produzéiert d’Kapital. D’Wuerzele vum Chrëschtentum si wéinstens op deem Punkt net wäit ewech vum Marxismus.
D’Welt huet 2000 Joer gebraucht, fir d’Notioun vun der Dignitéit vum Mënsch an d’Aarbechtswelt eranzebréngen. Leider net genuch. Mir hunn dat gesinn, wéi vrun 8 Joer di sougenannten Internetblos geplatzt war, a mir hunn et gesinn, mat dëser Kris: an der Finanzwelt geet rieds vu "value", an de Begrëff "Wäert" gëllt engem zwar ausgetüfftelten, dofir awer ëmmer nach ganz banale Finanzproduit. Et goung Rieds vu Brain-drain, brain-shopping, head-hunter, outsourcing an och vu "markéthique", also vum Bestiednes tëscht der Ethik an dem marketing. De Marché sollt sech selwer reguléieren, an anere Wieder, de Mënsch ass eng Wuer, déi hin an hier ka getässelt ginn, mol gëtt si entlooss, mol gëtt si agestallt, sou wéi ebe grad de Marché dréit. D’Theorie vun der Hand, déi kee kennt!
An där Situatioun si mir elo nees: mir ierjeren eis iwwer Bankdirekter, déi sech wéi Barbaren beholl hunn, iwwer Politiker, déi dat zougelooss hunn, a mir wëssen, datt nawell näischt ze maachen ass. Wär dat och geschitt, wa mir d’Betriber och wéi eng Wuer behandelt hätten? Fir d’Fleesch, d’Mëllech, d’Aeppel an aanere Iesswueren gëtt et e Label, zum Beispill datt se vun hei sinn, oder datt se Bio sinn. Firwat net méi Gewiicht op e soziale Label fir d’Betriber leeën?!
Deen Ticket wär ze kréien no strenger Kontroll vum Staat, zum Beispill vun der Gewerbeinspektioun. E Betrib, deen no soziale Critèrë schafft, ka sech ëmmer nach als iewescht Gebot setzen, décke Profit ze maachen. Et wäer awer garantéiert, datt an deem Betrib de Mënsch un éischter Plaz kënnt. Do wäer da keng Plaz fir en Direkter, deen honnerte Millioune kritt, als Belounung, dausende Mataarbechter virun d’Dier gestallt ze hunn.
Um Ufank vun der Mënschheet stoung de Mënsch, an dat ass net aneschters, wann d’Mënschheet op en Enn geet.

Äre Commentaire