Digital zu Lëtzebuerg

RTL - 30.03.2010, 07:45 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.03.2010, 08:50 | 7 Commentaire(n)

Auteur: Gérard Floener
Och wann déi Firmaen dem Land vill Suen iwwert d'Steiere bréngen, hunn ech als Client, dee gär eppes um Internet keeft, näischt dovun, datt déi Entreprisen hire Siège hei am Land hunn.

Ee konkret Beispill, wat mir an der Musekredaktioun virun e puer Wochen ze spiere kritt hunn: Fir eng speziell Aktioun hu mir een CD vun engem franséischen Artist gebraucht. D'Plackefirma, déi zu Bréissel sëtzt, konnt deen CD net mat Zäite liwweren. An och wann deen CD schon zanter e puer Deeg am Commerce sollt sinn, hat hei am Land nach kee Plackebuttek en a senge Rayonen. Dat hu mir iwwert Telefon kontrolléiert. Net schlëmm, haut keeft ee jo keen CD méi, haut keeft een digital Fichieren um Internet. Awer net zu Lëtzebuerg! Éischte Versuch: I-Tunes! Am Lëtzebuerger I-Tunes Store wor deen CD nach net dran. Kee Problem, gi mir eben an dee franséischen. Do wor den CD zwar, mä mat enger Lëtzebuerger Kreditkaart konnt een en net kafen, et huet missten eng franséisch sinn! Och gutt, gi mir alt bei d'Konkurrenz, an deem Fall Amazon (ech erënneren drun: Grad ewéi I-Tunes eng Firma mat Sëtz zu Lëtzebuerg). Mä och do wor näischt ze wëllen: Deen CD gëtt digital nëmmen a Frankräich geliwwert.

Déi Situatioun ass fir mech, wéi wann ech een neien Auto wéilt kafen, an de Concessionnaire géif mir meng léifste Faarf refuséieren, well ech den Auto mat engem Scheck vun enger Lëtzebuerger Bank wëll bezuelen. Déi Faarf dierf nëmme fir Cliente vun enger franséischer Bank geliwwert ginn.

Hätt ech dee richtegen CD bestallt an net ee virtuelle Produit – wat MP3e leschten Enns sinn - hätt ech deen och op Lëtzebuerg geliwwert kritt. A wann ech bis op Diddenuewen gefuer wier hätt op der Grenz och kee mir gesot, datt deen CD a Frankräich misst bleiwen. An der Europäescher Unioun gëtt et eng „Libre Circulation des Biens et Services“. Bei digitalen Zerwisser um Internet gëtt et dat wéi et schéngt net, do ginn et nach ëmmer Grenzen tëscht de Länner.

Mir fält an deem Zësummenhang nach eppes anescht op! Et gëtt an der Europäescher Unioun eng Directive iwwert d'“Television sans frontières“. Déi Directive ass zanter 1991 a Kraaft a versprécht eng „Libre circulation vun Televisiounsprogrammer“. Mä och do si mir nach wäit vun der Realitéit ewech! Medienentreprisen wéi RTL Group dierfen no där Directive zwar mat enger Lëtzebuerger Lizenz Programmer fir d'Belsch produzéieren. Mä een Englänner, deen zu Lëtzebuerg lieft, ka seng Programmer vun doheem nëmme mat Getricks kucken, och wann se technesch ouni vill Opwand kënnen empfaang ginn. Déi däitsch Sky Pay TV Programmer gëtt et zanter kuerzem zu Lëtzebuerg iwwert IPTV a bei verschiddene Gemeinschaftsantennen. Mä iwwert Satellit kann ee sech nach ëmmer net direkt vu Lëtzebuerg aus abonnéieren. Dobäi ginn déi Programmer iwwert d'S.E.S.-Satellitten op Lëtzebuerger Frequenzen diffuséiert! Firwat huet ee kee fräie Choix? Wéinst de Rechter, déi nach ëmmer u Grenze gebonne sinn? Dat ass a mengen Aen eng faul Excuse, déi u sech just eng Industrie protegéiert, déi et net verstan huet, sech mat Zäit op een neie Geschäftsmodell anzestellen.

Kéint vun offizieller Säit net Drock op déi Firmaen ausgeübt ginn, déi sech zu Lëtzebuerg wëllen néierloossen, datt si och fir dee klenge Lëtzebuerger Client hire vollen Service ubidden? Dat wier jo soss, wéi wann RTL Group mat engem Lëtzebuerger Konzessiounsvertrag KENG Lëtzebuerger Programmer géif produzéieren. Arcelor-Mittal liwwert hire Stol bestëmmt och op Lëtzebuerg, a bei deene sëlleche Banken dierf een och als Lëtzebuerger ee Kont opmaachen. Firwat geet dat net bei digitalen Servicer?

Jo, zu Bréissel hu si dee Problem „schon“ erkannt a wëllen do eppes drun änneren! Mä bis dat esouwäit ass kéint Lëtzebuerg jo mol nees eng Kéier eng Virreiderroll spillen an deene Grousse weisen, wéi onkomplizéiert mir dat hei an de Grëff kréien... wa mir nëmme wëllen!

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!