Mëssbrauch vu Kanner a Joncker
RTL - 02.04.2010, 14:34 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.04.2010, 10:19 | 0 Commentaire(n)

Och iwwer Ouschtere war et een Thema. Riets ass vum sexuelle Mëssbrauch vu Kanner a Jonken. Et muss een derfier suergen, datt Kanner net esou liicht Affer vu Mëssbrauch a Gewalt ginn. Dozou dëse Kommentar vum Marco Goetz:
Da sëtzt een do iwwer Ouschteren an et huet een eng Grëtz besser Zäit, fir nozedenken. Och iwwert een Thema, deem een di leschte Wochen ëmmer nees begéint ass. Mëssbrauch.
Ronn 12.000 Kanner a Jonker ënner 18 Joer goufen enger Statistik no 2008 an Däitschland mëssbraucht.
Net grad 33 Kanner pro Dag. Et sinn, sou seet d'Statistik, méi wéi duebel esouvill Meedercher wéi Bouwen. Kanner a Jonker, deenen an iergendenger Form Gewalt ugedoe gouf.
2007 war et net vill anescht, 2006 och net an och di Joere virdrunner net.
A bei deene Statistiken heescht et dann och ëmmer, datt et eng Donkelziffer gëtt. An där hirer Natur läit et, fir sech verstoppt ze halen. Ganz geléngt hir dat net. Net méi.
Wéi wann ee mat enger grousser Luucht an d'Vergaangenheet liichte géif, komme Fraen a Männer aus dem Schiet eraus a kloen un a verziele vum grousse Misär, deen hinne geschitt ass.
Datt doriwwer an der Ëffentlechkeet diskutéiert gëtt, datt een erféiert, dat ass gutt. Gutt och fir déi, déi erkennen, datt si net di eenzeg sinn, deene Gewalt ugedoe gouf. A gutt well si Courage an Hëllef fannen, fir elo driwwer ze schwätzen.
Dat ass eng Zort Vergaangenheetsbewältegung, déi laang wäert daueren. Kloer ass, datt déi di schëlleg sinn un deem Krim géint Mënschlechkeet, datt déi gestrooft musse ginn.
Kloer ass awer och, datt deenen Täter gehollef muss ginn. Verdäiwelung notzt näischt.
Da si mer do, wou am Eiffer vun der dacks mediegepuschter Diskussioun iwwert vergaange Mëssbrauchsfäll, manner driwwer geschwat gëtt. Nämlech doriwwer wéi een derfir suerge kann, datt keng Kanner a Jonker méi mëssbraucht ginn.
Aktuell Statistike feelen, ma ganz bestëmmt. iergendwou an Europa, si gëschter Tréine gefloss, well ee Meedchen oder ee Bouf mëssbraucht gouf, haut ass dat ganz sécher och de Fall a muer ass et net anescht.
Dofir geet et net duer, datt ee mat aller Kraaft Fäll well opklären, déi Joerzéngten zréckleien. Dat ass wuel richteg a wichteg. Ma et brauch een och Energie fir derfir ze suergen, datt sou eppes elo an an Zukunft net méi virkënnt.
Dozou gehéiert, wéi gesot, datt deene gehollef gëtt, di Kanner a Jonker mëssbrauchen.
Dozou gehéiert awer och, datt een d'Kanner méi staark mécht.
De Gros vun de Meedercher a Bouwen, déi mëssbraucht goufen a ginn, hunn nämlech keng gesond Famill. Deene Kanner a Jonke feelt et u Léift an un Opmierksamkeet. Hir Selbstvertrauen huet Lächer a genee dat ass et, wat Täter sech zu Notze maachen, fir Vertrauen ze mëssbrauchen. D'Plaz wou dee Mëssbrauch geschitt, duerf do eigentlech keng Roll spillen. Op alle Fall duerf déi Plaz net oflenke vun enger vill méi generell ze féirender Diskussioun a speziell och vun där ganz grousser Responsabilitéit, déi een als Elteren de Kanner vis-à-vis huet.
Meedercher a Bouwen mat gesonntem Selbstvertrauen a Selbstwäertgefill ginn net esou liicht zum Affer. A wann an der Famill léif mateneen ëmgaange gëtt a gären a gedëlleg matenee geschwat gëtt, da verzielen déi Kanner och éischter wat hinne geschitt. A vläit mussen se da net Joerzéngte waarden bis Luucht an d'Däischtert vun hirer blesséierter Séil kënnt a bis se ukloen.

Äre Commentaire