Fixerstuff
RTL - 13.04.2010, 08:20 | Fir d'lescht aktualiséiert: 13.04.2010, 08:28 | 7 Commentaire(n)

An deen Ablack freen déi sech, déi genee dat wëllen.
Eng Fixerstuff huet zu Lëtzebuerg net vill Supperteren.
Zu deem Schluss muss ee kommen, wann een e Blëck op d'Geschicht dovunner wërft – eng „never ending story“ - seet d'Danièle Weber am Commentaire:
Just blöd, dat dës „never ending story“ katastrophal Suiten fir déi Betraffen huet – fir Toxicomanen a fir déi, déi sech ëm si këmmeren. Ënnert wéi engen Ëmstänn d'Personal um läschte Steiwer schaffen muss, ass eppes, wat een ouni z'iwwerdreiwen ee Skandal nennen muss. D'Containeren ware fir 2 bis 3 Joer virgesinn, doraus sinn der mëttlerweil 7 ginn – an elo gewosst, dat dës delabréiert Ariichtung nach wäert eng ganz Zäitche mussen duerhalen.
Dat éischt Kapitel vun der Never ending story gouf vru méi ewéi 10 Joer geschriwwen. Demols louch ee Gesetzesprojet um Dësch, iwwert deen d'éischt emol eng ganz Parti Joeren diskutéiert gouf. Zanter, dat d'Gesetz gestëmmt ass, geet et ëm ee Site fir déi faméis Fixerstuff.
Iwwert dee gouf an enger breeder Ëffentlechkeet diskutéiert. An do koum déi gruscheleg Realitéit iwwert déi ëffentlech Meenung zum Thema Toxikomanen a wou se higehéieren onverblimmt no uewen. Den Highlight waren zum Beispill Informatiounsowender vun der Associatioun Stëmm fir Bouneweeg – do gouf kee Blat vrun de Mond geholl, do ass „éierlech“ iwwert dee Sujet geschwat ginn.
D'Campagne hat e gewësse Succès, d'Stëmm fir Bouneweg konnt de Schampes opmaachen.
Well, an dat betrëfft dat nächst Kapitel an der Geschicht: Am Februar 2008 hu Regierung a Stad Lëtzebuerg matgedeelt – déi Nei Fixerstuff kéim net op Bouneweeg, mee an d'rue d'Alsace op der Gare.
Am nächste Kapitel vun der Geschicht stieche mer elo mattsen drann – an do däit sech un, dat hei keen Happy End en vue ass. Ugangs Abrëll annuléiert Verwaltungsgeriicht d'Baugenehmegung fir déi nei Fixerstuff. Dat dono vu Minister a Buergemeeschter hart gekrasch hunn, wëll een elo nees wäit no hanne geworf wier – dat kann een hinnen eigentlech net ganz ofkafen. Paul Wurth hat direkt, wéi dee neie Site bekannt ginn ass, massiv Oppositioun ugekënnegt. Elo krute se Recht. Gouf et do kéng Avekoten, fir déi Baugenehmegung z'iwwerpreifen?
Mee, wat nach méi onplausibel ass: D'Fixerstuff an der rue d'Alsace war souwisou nëmmen fir 10 Joer viergesinn – sou stet et vun Ufank un an der Baugenehmegung. Dee Site war also nees provisoresch – dat gouf just ni grouss an der Öffentlechkeet breetgetrëppelt. Et gëtt een speitestens elo de Verdacht net lass, dat hei net matt voller Kraft un enger Léisung geschafft gëtt. Et kéint een souguer soen, déi Responsabel an der Stat spillen op Zait – an hunn d'Hoffnung, dat dee Kellech laanscht si geet, nach net opginn.
Eng Fixerstuff géif just nach méi Toxikomanen an d'Stat lackelen – ass jo een Argument vun de Géigner, deem déi blo-gréng Koalitioun an der Stat eigentlech ni eppes entgéint gehalen huet. Eng offensiv Politik géif anescht ausgesinn – do kéint ee sech zum Beispill vierstellen, dat Lëtzebuerg, Thionville, Metz a Saarbrëcken zesummen ee Konzept ausschaffe géifen – dat wier Groussregioun emol eng Kéier anescht. Dovu si mer wäit ewech.
Courage weist hei keen – mat Toxikomanen si kéng Stëmmen ze fänken – am Contraire. Eng Fixerstuff ass kéng Léisung fir den Drogeproblème – et ass just eng Plooschter – mä och dat kréie mer anscheinend net hin.

Äre Commentaire