D'Verhandlungen op der Tripartite gi weider
RTL - 20.04.2010, 08:49 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.04.2010, 08:54 | 2 Commentaire(n)

Déi lescht Woch war et e bësselchen Hott an Haar gaangen; haut dann gëtt en neien Ulaf geholl an de Guy Kaiser zitt déi heite Konklusiounen.
Éischte Punkt: mir haten d'lescht Woch eng kleng Regierungskris, -och wann de Premier et net gären héiert- also duerchaus eng Situatioun, déi et bei eis just all puer Jorzéngte gëtt.
Zweetens: d'Tripartite erënnert mech bis ewell un d'Gëlle Fra. D'Kommunikatioun war eng eenzeg Faillite! Wär de Lëtzebuerger un den Export vun der Grousser Madame präparéiert ginn, wär him explizéiert ginn, firwat datt een si op Shanghai schéckt...déi meescht wären houfreg drop gewiescht.
Esou ass et mat der Tripartite. De Vizepremier huet wuel Recht mat der Feststellung: an neien Zäiten ass et eng oppen Tripartite, dat heescht, Patronat a Gewerkschaften droe villes no baussen, d'Press rapportéiert an d'Vollek diskutéiert mat. Wat fréier net ze denke war, huet sech haut duerchgesat. Déi al Tripartite ass domatter doud.
Den OGBL hat aus der Schoul geplappert, de Finanzminister huet mussen nozéien a wollt d'Propositioune sachlech explizéieren. Säi Message awer koum schankenhaart eriwwer. D'Vollek duecht, et wär quasi alles decidéiert.
Wann de Premier d'Press dofir kritiséiert, hätt hie gëschter Owend och kënnen säin Aarbechtsminister kritiséieren, well och dee schéngt d'Regierungspropositioune falsch verstanen ze hunn. Oder ween hat elo déi kleng Kris provozéiert, déi et eigentlech net gouf: een oder zwee Minister, déi sech verstanen hunn, awer net d'Welt? Déi am Äifer der Press net alles soten, déi an der Opreegung op emol näischt méi vun engem Regierungspak wollte wëssen?
Drëttens: et ass vermessen, dervunner auszegoen, et géing duergoen, just ze spueren, an da kinnt et weidergoe mam Jabel, wéi déi lescht 20 Joer. Et brauch een net mat de Regierungspropositiounen averstanen ze sinn, an nawell muss ee wëssen, datt jidderee muss an d'Täsch gräifen, fir och en Euro an den Afferstack ze leeën.
Véiertens: grad dëse Message ass schwéier ze vermëttele fir eng Generatioun, déi bis ewell nach ni gefuerdert war am Sënn vun der nationaler Solidaritéit. Schonn nees eng Saach vu Kommunikatioun. D'Banken eleng kënnen de Schued net iwwerhuelen.
Fënneftens: den Direkter vun der Bankenassociatioun gesäit sech och ënner Drock, an dëser Diskussioun am Vollek. De Mann huet Recht, drop hinzeweisen, datt keng Bank zu Lëtzebuerg Schold war un der Finanzkris an datt mir Lëtzebuerger zanter den 80-jer Joren excellent gelieft hunn, ebe wéinst de Verdéngschter vun der Finanzplaz. Den ABBL-Chef däerf an dësem Kontext allerdéngs dat globaalt Denken net vergiessen, wëll heeschen: déi globaliséiert Welt existéiert net nëmmen, wann d'Geschäfter gutt lafen, mä och, wa mir matten an der Kris stiechen. Eng Bankesteier schéngt net ze ëmgoen ze sinn, och wa mir eis sollen Zäit loossen, an d'Décisiounen aus der Groussregioun ofwaarden.
Sechstens dann: d'Reaktiounen aus dem Vollek op d'Propositioune waren extrem hefteg ausgefall. Do muss tatsächlech vill no verhandelt ginn, fir datt d'Gewerkschaften an och eng LSAP d'Resultat kënne mat droen.
D'Tripartite geet de Moie geschwächt an hire véierten Tour eran. Et kann nëmmen nach besser ginn, well, wéi sot de Vizepremier op eiser Antenne: déi ablécklech Koalitioun ass déi bescht méiglech Zesummestellung.
CSV an LSAP goufe vum Wieler an d'Regierung geschéckt, fir responsabel Decisiounen ze huelen. Wann d'Resultat dem Vollek net passt, ass et ëmmer nach Zäit fir e Generalstreik, awer wann ech gliff no der Tripartite. Elo gëtt mol weider verhandelt, an dat ass gutt esou.
Et soll een sech awer näischt virmaachen: d'Zäit prësséiert...et geet ëm Decisiounen, déi eigentlech hätte musse vrun de leschte Wahle geholl ginn.

Äre Commentaire