D'Wirtschaftsmissioun a Russland

RTL - 27.04.2010, 07:45 | Fir d'lescht aktualiséiert: 27.04.2010, 10:26

Auteur: Nico Graf

Virun 2 Woche war – mat zimlechem Succès – eng mission économique a Russland ënnerwee. De Wirtschaftsminister Jeannot Krecké an eng 100 Leit aus der chambre de commerce hunn den Terrain sondéiert, fir nach besser mat de Russen an d’Geschäft ze kommen.

E Commentaire vum Nico Graf

Et ass ee knapps do, da sprangen engem an d’A: d’Fraen zu Moskau. Se si jonk, se si flott, se hunn immens laang Been, a wann se eppes ze weisen hunn - decolltéméisseg – da weisen se dat. Et ass eng Zort aggressiv Erotik an eng speziell Dynamik, wéi wann se eppes wëlles hätten.

An déi immens laang Been trëppelen op immens héijen Talleken, éischtens iwwerall hin an zweetens gär iwwer d’Roud Plaz zu Moskau.

Eng Roud Plaz, déi mat Pavé-Steng gedeckt ass an et ass net einfach do op esou héijen Talleken ze trëppelen an nawell maachen déi jonk Fraen dat. Iwwerdeems d’Pavésténg geluecht ginn, vun Hand w.e.g. a vun zwee Männer: deen ee leet de Steen an d’Riicht, deen anere knuppt mat engem schwéieren hëlze Stack vun uewen drop, eemol, zweemol, dräimol, da gëtt nach eng Kéier nogemooss, nach kuerz nogetéckt an dann deen nächste Steen. An et sinn deeër Steng vill op der Rouder Plaz, deeër Pavé-Steng, déi op déi archaesch Manéier do geluecht ginn. Se mussen all propper an op engem Niveau leien, net wéinst den héijen Talleken, mä well an e puer Deeg den 9. Mee ass. Den 9. Mee, de russesche Commemoratiouns-Dag vun der Nazi-Kapitulatioun. Dee mat Militärparaden an Tschingederassabum gefeiert gëtt, dëst Joer besonnesch vill well et iergendwéi – 65 Joer – e ronnen Anniversaire ass a vläit och, well et ëmmer manner Leit gëtt, déi derbäi waren, déi erziel kënnen. Esou geet et engem dann, datt en zu Sankt Petersburg op der grousser Plaz virun der Eremitage steet an 3 kleng Museks-Corpse prouwen zu gläicher Zäit datselwecht Lidd, eng Cacophonie, wéi mir se nëmme vun der Sprang-Prozessioun hir kennen, an aus Busse klammen Zaldoten eran an eraus, mat Gewierer mat Bajonetten drop an och déi trainéiere fir déi grouss Parade an e puer Deeg. Se trainéieren schonn zanter Wochen. Wann also ee seet, mir Lëtzebuerger wiere vläit e bësse fixéiert op den Zweete Weltkrich, fixéiert op déi gespléckten Dierfer, wou déi eng collaboréiert an déi aner resistéiert hunn, an déi Drëtt waren indifferent, a bé, a Russland sinn se wuel nach e Krack méi doropper fixéiert, kee Wonner bei den iwwer 20 Milliounen Affer, déi si an deem Krich haten. Eng Zuel, déi ech ëmmer erëm vergiessen. An dobäi hätt ech dach Grënn genuch iwwer Russland nozedenken, vu datt méi Monni anzwousch um Ingul begruewen ass. Malgré lui. Kopfschuss. Kesselschlacht.

Zu Moskau hunn ech se iwwregens net gesinn, mä awer 800 Kilometer méi nördlech, eben zu Sankt Petersburg, déi Männer. Dat wat déi jonk Fraen zu Moskau laang a flott an op héijen Talleken haten, dat feelt deene Männer: si hunn einfach keng Been méi, aus hire Boxe kommen Aluminiums-Prothesen eraus a si sëtzen am Rollstull a si sinn Heeschemänner. A si si jonk. A mir aner si guer net méi gewinnt, esou Mënschen ze gesinn, jonk Krichsveteranen, deene Glidder feelen. Aus iergendengem Afghanistan-Krich. Aus iergendengem Tschetschenie-Krich. Aus iergendengem Georgie-Krich.     

D’Lëtzebuerger Geschäftsleit, déi mat a Russland waren, déi verkafen de Russe Stolwierker, ale Parquet, Sportshalen, japanesch Wellness-Maschine fir ofzehuelen, nohalteg Architektur – wat et risegt Land esou brauch, dat wéint Pëtrol a Gas Geld huet, wou de Liewensstandard awer nach net deemno ass. En enorme Marché, wou mir mat verdénge wëllen.

A wou iwwerall déi schéi jonk Fraen ënnerwee sinn, déi e Kapital hunn, wat d’Männer net hunn, hir Schéinheet, an d’Tippe gesinn dacks e bësse midd aus. Oder sëtzen an décke schwaarze Luxmaschinnen, a waarden op de Boss, den Oligarch, deen anzwousch an engem Restaurant sëtz a bafft. An de Moteur vum Audi leeft an de Chauffer mat de breede Schëlleren hält en Tëmpchen. An aner jonk Männer sëtze widder der Fassad vun engem stëbsege Gebai an hu keng Been.

Lëtzebuerg wëll sech druginn, russesch Oligarchen an d’Land ze kréien, déi sollen hei Start-uppe man, also Entreprise grënnen oder hiert Geld an eis Fongen an an eis Immobilien investéieren.

Lëtzebuerg, sot de Jeannot Krecké a Russland zëm dacksten, Lëtzebuerg ass esou kleng, dat d’Russen eis net fäerten. Vläit misste mir awer si fäerten. Nom ëmgekéierte Matrioschka-Prinzip: si fänke ganz kleng un a se ginn ëmmer méi grouss.  Iwwerdeems mir bleiwen -   ,  Dir wësst schonn.

D’Mütterchen Russland trëppelt an hippt op zwou Zorte Féiss, op de Protheesen aus de Kricher an op den héijen Talleke vun de jonke Fraen, déi schwéier busy sinn.