D'CSV, d'LSAP an d'Index-Fro

RTL - 04.05.2010, 07:40 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.05.2010, 18:29 | 5 Commentaire(n)

Et gëtt Amenter, do ass de Politiker därmoosse kommunikatiounsfrëndlech, datt ee mengt, hien hätt Asyl an de Medie gefrot. An et gëtt aner Momenter, do huet ën sech an e Klouschter zeréckgezunn a sech selwer d'Bouss operluecht, de Mond ze halen.

D'Informatioun ass gläich Demokratie, gëtt gesot, d'Informatioun muss eis iwwerschwemmen. Um Journalist ass et, de Pëtrol aus deem Waasser erauszefilteren, also gewollt oder ongewollt Desinformatioun, oder awer, gewollten Informatiounen, fir ze manipuléieren oder och nach fir Drock op iergend een aneren ze maachen.

Déi lescht dräi Woche gouf de Journalist verwinnt: vu lénks a vu riets – dat ass elo net eleng politesch ze verstoen- krut hien dat eent an dat anert zougespillt, ëmmer Top Secret, an awer fir d'Antenne ze benotzen: déi kleng Lëtzebuerger Politik war ob emol en eenzegen orientaleschen Teppech vu faits divers, déi sech all, awer och all ronderëm d'Tripartite gedréit hunn.

Et war e wonnerbaren Zapping vu Patronat, eriwwer op d'Gewerkschafte bis an Regierungskreeser. Et war eng Akkumulatioun vu klengen Informatiounen aus dem Regierungspak fir ze spueren, wou een sech schwéier gedoen huet, se all ze verhalen, ze verstoen.

Radio Lëtzebuerg huet säi Méiglechst gemaach, dës Informatiounen ze iwwerpréiwen a se esou weider ze ginn, datt se nach iergendwéi verständlech woren.

Ënner dem Stréch bleift iwwreg: Et ass eng uerg Kris, et ass eng geféierlech Welt, an där mir liewen an d'Sozialpartner maachen alles, eis viru gréisserem Ongléck ze beschützen.

An déi grouss Fro bleift den Index: Interpretéiert een den CSV-Parteichef Michel Wolter no sengem Interview e Méindeg, da bleift just eng Conclusioun erlaabt: bleift alles beim Index ewéi bis ewell, also op der LSAP-Linn, dann hu mir eng kuerzfristeg Léisung; wëlle mir awer de séchere Wee méi laangfristeg, da musse mir an Direktioun vun engem sozialen Index goen.

De grousse Koalitiounspartner muss nach just dee klenge vun der Noutwennegkeet iwwerzeegt kréien.

An do läit d'Kromm an der Heck: CSV an LSAP hunn nach net deen nämmlechten Diagnostic, also kann d'Therapie och net déi nämmlecht sinn.

D'Kris ass do, dat soen déi zwou Säiten, mä, fir d'LSAP bedeitend manner staark ewéi fir d'CSV. Dofir gouf elo däitlech mam Fanger gewisen: an der Indexfro muss bougéiert ginn, kréien d'Sozialisten net nëmmen an d'Ouer gepëspert, mä och an de Mikro vun RTL!

Mir waarde gespaant op d'Ried vum Staatsminister, a bal nach méi op den Debat duerno: wéi fällt d'Reaktioun aus vum Koalitiounspartner, wéi reagéieren zum Beispill d'Demokraten? Wat seet eng DP a Saachen Index, eng Partei, där nogesot gëtt, si stéing éischter op der Säit vum Patronat?

Attackéiert si d'Regierungspolitik frontal, a verschount vläicht e bësselche méi eng CSV, well se d'Lëllecher am Koalitiounsbett mengt, ze richen. Dat ass alles ganz interessant.

Mä, esou oder esou soll de Politiker an dësen Zäite wëssen: d'Propheten ginn net nëmme gefeiert, wa si Gléck verspriechen.

 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!