D'Waarden huet sech net rentéiert
RTL - 06.05.2010, 09:26 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.05.2010, 09:40 | 5 Commentaire(n)

Deeglaang gouf op dem Premier seng Ried zur Lag vun der Natioun gewaart. D'Waarden huet sech net rentéiert, mengt d'Danièle Weber am Commentaire – vill Neies ass een net gewuer ginn.
De Premier huet keng Faarw bekannt – vill Punkte sinn nach op – a wat sech hannert verschiddenen Annonce verstoppt ass a bleift onkloer.
Et war déi politesch Ried, déi erwaart gouf, wéi scho laang keng méi. Abee, dat war net derwäert. Et kann ee lo natierlech soen, et wier net méi dra gewiecht, no dëser Tripartite – da muss ee sech allerdéngs froen, firwat d'Dramaturgie esou opgebaut gouf, dat alles op ee Premier kuckt, deen dono näischt Neits ze zielen huet.
Ier hie geschwat huet, war et jo net grad esou, dat d'Informatiounen nëmmen esou herausgeprudelt wieren.
Dat dobaussen iwwert de Spuerpak vun der Regierung diskutéiert gouf, war d'éischt emol de Verdëngscht vun de Gewerkschaften – déi glécklecherweis eng Léier aus der Ronn vun 2006 gezunn hunn a mam Contenu vum Pak un d'Ëffentlechkeet gaange sinn.
Nodeems deen 1. Pak also um Dësch louch, huet et vu Säite vun der Regierung geheescht – et misst een dat als Ganzt gesinn – dat huet d'Saach awer net vill besser gemaach. De Finanzminister huet am Alleingank ee Sammelsurium vu Mesure presentéiert – déi alleguerten nach zimlech onpräzis waren. Déi grouss Linne huet sech och ganzheeltech net gewisen – an och net am zweete Pak, deen dono de Koalitiounspartner indirekt op den Dësch geluecht huet.
Dee Pak war guer net sou vill anescht – och wann d'LSAP dat net esou verkafe wollt. Bis op d'Schoul- an d'Erzéiungsgeld war alles nach dran – ausser natierlech dem Index. Mee war dee wierklech fort?
Dat blouf esou vague wéi vill aner Punkten. „Ech mengen en ass net méi dran“, sot den Aarbechtsminister de Journalisten – um Kongress huet hie kämpferesch an de Mikro gebrëllt, dat den Ausseminister a senger Ried op där nämlechter Plaz lues ugedeit huet, do kéint nach eppes kommen, goung an de Standing Ovations ënner. Et kann ee sech froen, wouhier d'LSAP-Delegéiert um Kongress wossten, iwwer wat se do iwwerhaapt ofgestëmmt hunn? Well um Ziedel, deen d'Genossen an de Grapp gedréckt kruten, stounge just 19 Iwwerschrëften vu Kapitelen, iwwert déi et am Fong vill ze soe géif.
Dat sollt jo dann de Premier maachen.
Zum Beispill och beim Index – iwwert dee soll am Hierscht weider diskutéiert ginn – de Ball läit beim Wirtschaftminister, an dat ass ee Sozialist, deen a sengem Pabeier schonn ugefaangen hat, déi helleg Kou Index ze sträichen. Et muss ee sech froen, op hei net och d'Direktioun vun der Aarbechterpartei ee bëssen een onsoziaalt Spill mat hirer Basis spillt.
Mee zréck bei de Premier an déi erwaarte Prezisiounen iwwert de Spuerpak. Där hat hien e puer op engem méi populisteschen Niveau am Gepäck. Den Tram zum Beispill, dee méi spéit kënnt, oder eng adequat Besteierung vun de geféierleche Bankgeschäfter – dat kënnt gutt u bei de Leit – just wéi genee gesäit dann elo déi Bankesteier aus – dozou kee Wuert.
Dofir dann Detailer iwwert d'Krisesteier – an dat war séier interessant, wéi de Premier fir op d'mannst eng Dose konkret Fäll vu Stéit - een nom anere genee opgezielt huet, wat déi da musse bezuelen.
Do hat een d'Impressioun, dat wier eng Retourkutsch fir d'Gewerschaften: Dir hat Fallbeispiller gefrot, hei hutt der se. Dës Tabell allerdéngs hätt jiddereen an e puer Minutten opgestallt krut. Spannend gouf et am Fong ni esou richteg an dëser Ried, déi iwwerall esou gespaant erwaart gi war. Vill Froe si weider op, déi nächst Verhandlungs-Ronne sti vrun der Dir. Dem Jean-Claude Juncker seng Ried war eng Berouegungspëll, déi, dat huet de Premier och gesoot, virsichtshalber nach an der Dous bleiwen. Bei verschiddenen huet se gewierkt, et gouf esou guer Deputéiert, déi een Tëmmche gehalen hunn.

Äre Commentaire