Griicheland ass keen Eenzelfall

RTL - 11.05.2010, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.05.2010, 18:40 | 7 Commentaire(n)

Auteur: Guy Kaiser

D'Wirtschaftskris kascht d'Europäer eng ganz Staang Suen. De Weekend hunn d'Finanzminister eng weider Rallonge decidéiert. Domatter mécht sech de Krees zou, mengt de Guy Kaiser am Commentaire ...

Wéi d'Lehman Brothers Bank bei der Däiwel goung, war dat den Ufank vun enger Finanzkris rondrëm d'Welt; eng eenzeg Bank hat sech verhuewen an hat all déi aner mat an den Doud gerappt, déi sech grad esou verkalkuléiert haten.

Europa weist elo mam Fanger op Griicheland: Déi Leit hätten an der Lescht alleguerten iwwer hire Moyene gelieft, an iwwerhaapt wiere se zu Athen jo korrupt. Wee mam Fanger op anerer weist, brauch sech selwer net a Fro ze stellen: Hu mir nämlech net all an de leschten zwee Joerzéngten iwwer deem gelieft, wat mir erwirtschaft hunn? Griicheland ass keen Eenzelfall, wäit gefeelt! Déi 16 Länner aus der Eurozon hunn zesummen eng Schold vun 8 Billiounen Dollar an esouguer dee klenge Staat Lëtzebuerg muss an dëser Legislaturperiod 6 Milliarden Euro léine goen!

A jidder eenzelne vun eis huet et dem Staat nogemaach, vill vun eis stieche bis zum Hals an de Scholden. Dat ass gutt gaangen, esou laang d'Economie gedréit huet. Elo awer huet et ëmgeschloen: An den nächste Joer klammen d'Zënse kräfteg, an dat wäert deem engen oder aneren e Strapp ze séier goen; d'Scholde kënnen net méi zeréck bezuelt ginn, den Dram vun engem eegenen Haus mat 200 Metercarré Wunnfläch a vun engem Wäert vu 561.000 Euro am Schnëtt ass geplatzt. D'Haus gëtt zwangsversteet, d'Famillje steet virum näischt.

Esou wéi e Staat senger Schold net méi gewuess ass, esou geet et och de Privatleit. An nieft Griicheland ginn et nach 4 aner, sougenannte PIIGS-Staaten, déi grad esou riskéieren, déi ageseefte Pente vun der Scholdefal erof ze glëtschen. Natierlech kann een elo higoen an d'Spekulante fir dës Situatioun responsabel maachen; natierlech kann een och sech op en Neits iwwer Ratingsagencen iergeren; et sollt een awer zugläich sech agestoen, datt een als Staat, an och als Privatpersoun, d'Nues ze héich gehalen huet.

D'Politiker an Europa hunn elo endlech eng Decisioun geholl a schonn nees ginn Zuelen avancéiert, wou engem d'Dronkellen ausginn. Eleng Lëtzebuerg muss am Noutfall fir 800 Milliounen Euro fir Griichenland Bierg stoen.

Et wär also ze hoffen, datt d'Politiker sech vis-à-vis vun de Kapitalisten (am eegentleche Sënn vum Wuert) duerchgesat kréien, well soss stëmmt et, wat de SPIEGEL op der éischter Säit titréiert huet: "Euroland, abgebrannt". An da ginn se a ville Länner op d'Strooss, jäize géint d'Regierung, déi hinnen d'Wourecht net éischter gesot hätt, datt net nëmmen hir eegen Zukunft staark hypothekéiert ass, ma och déi vun de Kanner.

Zu Lëtzebuerg ginn et nach ëmmer Persounen, déi d'Kris ignoréieren, se leegnen. Et ass, wéi wann näischt ënner der Akropolis geschitt wier - oder wéi wann eist Land definitiv eng Insel an Europa wier.

Den LCGB huet gëschter un d'Patronat aus der Finanzwelt an der Industrie appelléiert, am Fall vu Restrukturatioune keng Leit méi aus economeschen Ursaachen ze entloossen; Persounen iwwer 50 sollte scho guer net do drënner falen. Héiert sech mënschlech un, ass awer weltfriem. Op der Finanzplaz gi mat Sécherheet Aarbechtsplazen ofgebaut, e Secteur wéi dee vun der Logistik stécht ganz déif am Dreck; eleng do geet Rieds vun iwwer 2.000 Plazen, déi um Wackele sinn.

A just esou niewebäi all Plaz, déi verschwënnt, bedeit méi Onkäschte fir de Staat: e Chômeur kritt een net zum Null-Tarif, a bedeit eng moins-value an der Staatskeess mat zum Beispill der Lounsteier.

Mä, ënnert der Akropolis ass net dat nämmlecht ewéi ënnert der Gëlle Fra.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!