"Gewurschtels"

RTL - 20.05.2010, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.05.2010, 18:42 | 5 Commentaire(n)

"Gewurschtels" ass d'Iwwerschrëft fir de Commentaire de Moie vum Guy Kaiser. Gemengt ass net d'Gewurschtels beim Monni Metzler, ma éischter dat an de Banken ...

D'Investisseuren an Europa hu kapituléiert! Dat war d'Iwwerschrëft gëschter vun engem Artikel am belschen "Echo".
D'Zeitung baséiert sech op eng Ëmfro vun der amerikanescher Bank of America Merrill Lynch: D'Gestionnairë vu Finanzfongen hunn d'Vertrauen an den ale Kontinent verluer.

Dës Gestionnairë vertriede 530 Milliarden Dollar, a bal d'Halschent vun hinne ginn dervunner aus, datt den Euro nach weider u Wäert verléiert. Nëmme méi 23 Prozent ginn dervunner aus, datt mir et fäerdeg bréngen, eis Economie ze consolidéieren.

Déi europäesch Kapitulatioun koum allerdéngs vill éischter.

Scho viru 6 Joer goufe mir dem Drock aus Amerika no, wéi ganz diskret en Accord ausgehandelt gouf: Déi europäesch Kontroll-Regele sollten net fir Finanzoperatioune gëllen, déi vun amerikaneschen Investissementsgesellschaften am Ausland gemaach goufen.

D'Kris huet sech duerch eng grouss Boulimie vun de Finanzinstituter kënnen entwéckelen: D'Zomm vun den Derivat-Krediter huet virun dräi Joer 600.000 Milliarde ronderëm d'Welt ausgemaach. Et war jidderengem egal, de Banker, an och de Politiker.

Elo hu mir Griicheland virun der Faillite gerett, gëtt eis gesot.

Souguer zweemol, gëtt eis gesot.

Dat ass richteg, an och net.

Wann et a Griicheland brennt, da gloust et an der ganzer Eurozon, kréie mer gesot, a mir stellen eis net onbedéngt d'Fro, firwat? Athen hätt also souzesoe systemesche Charakter. Dobäi kann et d'Land eleng net sinn.

Als Verglach: Déisäits dem grousse Pull ass Kalifornien och net wäit ewech vun der Faillite; de Bundesstaat huet mol net méi genuch Suen, d'Fontionnairepeien integral auszebezuelen, an nawell steet den Dollar net ënner Drock.

Et muss also en aneren Ënnerscheed ginn, tëscht Sacramento an Athen.

Griicheland huet effektiv eng systemesch Wierkung op d'Eurozon, well europäesch Banke fatzeg mat dran hänken: Däitsch Banke mat 28 Milliarden, eleng 30 Prozent ginn nees op déi bescht bekannten Hypo Real Estate, déi eréischt virun engem Joer in extremis gerett gouf.

Franséisch Instituter hänke mat 50 Milliarden am Debakel.

Fazit vun der Operatioun: Mir hunn zwar Griicheland gehollef, mä gerett hu mir d'Banken, an dat scho fir d'zweete Kéier bannent 15 Méint.

An et weist eis kloer, wéi negativ d'Verfroossenheet op Suen d'Gehir beaflosst!

Et ass also net vu Muttwëll, wann d'Spillregele méi enk gehale ginn ... Poker ass scho geféierlech, da muss wéinstens d'Gefuddels ophéieren.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!