Politik vun der Mëtt

RTL - 06.07.2010, 07:04 | Fir d'lescht aktualiséiert: 05.07.2010, 18:06 | 0 Commentaire(n)

Auteur: Guy Kaiser

Et ass bekannt: d'Politik ass zanter 15 Joer an der Mëtt gelant e Sammelsurium aus Champagnersozialisten, Armani-Realos a Sonndeskatholiken. An där neier Mëtt begéint ee sech an et fëmmt een Zigaren.

Et soll net méi d'Symbol sinn vun der Suckel fir eeler Hären, ma éischter d'Symbol, datt ee sech traut. Hei gëtt nees geraacht, obwuel déi nämmlecht politesch Mëtt de bloen Damp verbueden huet. Et wëll ee weisen, datt een duerchaus kapabel ass, d'Liewen ze genéissen.

An Däitschland gouf dës Mëtt déi nei Mëtt genannt: iwwersat bedeit dat, datt verschidde Kategorië vun de Wieler de facto ausgeschloss goufen.

Dat goung eng Zäitche gutt, bis et kräfteg ëmgeschloen huet: a Groussbritannien, Tony Blair Top, Gordon Brown Flop; an Däitschland Gerhard Schroeder an duerno Frank-Walter Steinmeier. Grad d'Genossen hunn et schwiereg, an dësen Zäiten hir nei Mëtt ze verteidegen. An Tëschenzäit huet sech duerch d'Kris villes gedoen an d'Themendiskussioun an der Gesellschaft huet sech nees vill méi polariséiert. Eng Persoun ouni berufflech Qualifikatioun, e Proletarier oder och e Chômeur hunn et schwéier, sech an der Politik erëmzefannen, sech mat där enger oder anerer Partei ze identifizéieren.

Och aner Parteie mussen sech krëmmen a béien, fir Aussoen aus rezenter Vergaangenheet an d'Setzwo ze bréngen, mä, d'Reintegratioun vun Deklasséierte bleift Wonschdenken, esou laang sozial Onsécherheete bestinn an d'Aarbechtslosegkeet héich ass.

Een Deel vun der Wielerschaft, dat vrun 10 Joer deklasséiert gouf, konnt an Däitschland zum Beispill nach ëmmer net mobiliséiert ginn. Déi Iwwerleeung gëllt och fir Holland a fir d'Belsch, wou d'Leit souwisou net méi de gréisste Fiduz hunn an d'Politik.

Zu Lëtzebuerg war dëse Phenomen vun der Neier Mëtt net grad esou dominant wéi déi aner Säit vun der Musel, an awer woren déi 4 grouss Parteien zesumme geréckelt wéi d'Leit an engem volle Bus.

An d'Kris weist de Paradox an eiser Gesellschaft: Wee sech selwer, vu sengem soziale Status hir, an der politescher Mëtt gesäit, deen huet manner Angscht virun der Zukunft; déi awer, déi sech net zu dëse Leit zielen, stellen sech kategoresch op d'Säit vun der sozialer Sécherheet.

Géint dat eent a géint dat anert ass näischt ze soen, bréngt allerdéngs d'Parteien an Labyrinthen. Eng CSV setzt sech an fir jiddereen, besonnesch fir déi sozial méi schwaach a wëll de Plaidoyer hale fir den Index ofzeschafen.

Eng LSAP huet, grad nees wéi de Koalitiounspartner, Memberen, déi fir den Index sinn an anerer dergéint.
Dat suergt fir Trublewiesen an et féiert zu enger Cacophonie: déi lescht Woch bei der CSV huet un déi Woche während der Tripartite erënnert. Esou séier wäert sech dat och net änneren; dommerweis muss dat Land regéiert ginn an dat ass, mat der Politik vun der allgemenger Mëtt, net grad méi einfach ginn.

 

 

 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!