De Pavé um Tour

RTL - 08.07.2010, 12:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.07.2010, 15:07 | 4 Commentaire(n)

Auteur: Nico Graf

Den ale Bierg war meng Adresse an der Zäit um Sennengerbierg, an den ënneschten Deel vun deem Bierg, dat war e klenge Kilometer Pavésteng. Wéi se de Kanal geluecht hunn do war do op eemol eng Sträif Makadamm a jidder Automobilist huet ëmmer probéiert mat zwee Rieder op deem Makadamm ze fueren iwwerdeems déi zwee aner Rieder iwwer de Pavé gerompelt sinn. Also genee wéi d’ Coureure vum Tour, déi jo och probéieren um Bord vun de Pavésteng ze fueren, am enfer du nord.

Déi vun der organisation du Tour déi hunn se iwwregens net méi all.

Well se formidabel onkonsequent sinn.

Ech ka mech erënneren virun e pur Joer ass den Tour zu Nidderanven duerchkomm. Et wor esou en duerchgeplangten Armstrong-Joer.

D’ Pontsetchausséees haten, op Uerder vum Tour, awer och dee klengste Bockel an der Strooss ewachgemat, dat klengste Lach gestoppt, se hate Verkéiersinselen geréckelt an iwwerall war alles, wéi soen se déisäit, glatt wie ein Baby-Popo. A d’ Coureuren se sinn den Hueschterter eropgefuer, mat enger Wahnsinnsvitesse iwwregens, a wien dee bierg vun der Jugend hier nach an de Been huet, dee weess, wéi géi deen ass. Awer net fir déi vum tour, déi sinn do eropgeflunn. All gedopt. Dat seet ee net, soen d' Chefredakteren am Land, bal alleguer.

Mä d’ Stroossen déi ware propper a gebotzt. En Dënschdeg awer do joen se d’ Coureuren duerch d' Pavésteng, duerch de Sand, duerch de Stëbs, duerch d’ Hëtzt vum enfer. An ech hu mech scho gefrot, firwat se dat man. Vläit dowéinst well e pur flappeg Bierger, e pur deck Koppen, zolitt Hiewelen a la Hueschterter oder Vogesen net méi duer ginn fir d’ Borschten – op se elo duerchtrainéiert oder duerchgedoppt sinn, wie weess et – jiddefalls déi géiste Pente ginn net méi duer fir se ze departagéieren. Also kréien se Pavésteng an de Wee getässelt an da geschitt schon eppes, wat de classement général durcherneerëselt.

Wien et nach gerëselt huet, dat ass eise Fuendel, méi genee de rout-wäiss-bloen Trickot  vun eisem Frank, deen op eemol am franséische Stëbs loung a säi Porteur huet missen un der Clavicule operéiert ginn, acht Schrauwen, keng manner...

Frank an der Hell. Esou ass dat um Tour.

Mä merci, mir hu schon genuch ginn dëse Summer et geet elo duer. Fir d’ éischt de kräizgesonde - seet säin Häerz-Dokter -  Kim Kirchen, deen op emol doudkrank ass. An elo de Frank, deen an de Stëbs bäisst. “Mir sinn dach keng Gladiateuren”, seet an engem hellsiichtegen Ament dem Frank sei Cooéquipier Jens Voigt, hellsiichteg net wéint deem satz – dee jo megafalsch ass, well de Contraire ass de Fall – mä wéinst der richteger Wortwahl, Gladiateuren. Ma sécher dier Herren, dir gitt all Summer fir eise Plaiséier geaffert. Den Tour ass eréischt esou richteg schéin mat Drama an Actioun, mat Niwwel a Reen, mat Chuten a Blessen – et muss jo net direkt ee stierwen, mä esou e bëssi wéi elo de Frank, dat huele mir schon gär mat. Absenz dann wann d’ Saach esou astuciös opgedeelt ass wéi an dësem Fall. Well en ale mythologeschen Trick – huelt den Herkules, huelt de Jesus, huelt de Siegfrid  – deen alen Trick besteet doranner, datt den Held brilléiert, fantastesch Aventuren huet, den Draach emleet, d’ Jungfrau befreit an de ganze Programm an um Enn gëtt den Hero geaffert, stierft an der Achilles-Sehn, hänkt um Kreiz, kritt e gëftegt Hiem ugedoen. A well mir aner dat wëssen hu mir de Munnerefer Trick gemat, datt mer e Schleck an den Tour geschéckt hunn, selbzweit mat Vëlo, mer hätte se och kënnen um Tandem schécken, de Schleck als Dualitéit, deen een Leidensmann an den anere Sonnekinnek, deen ee fir ze stierwen, bon, nëmme symbolesch, an deen aneren fir um Enn giel op d’ elysesch Felder ze fueren. Eis munnerefer Dioskuren, deen ee soll onstierflech ginn, deen anere sëtzt – fir dëst Joer – am Hades, muss, wann een op d’ Iddi kënnt, op enger Tele den Triumph-Zuch vum sengem blonde Messias-Brudder kommentéieren. Wat eng Strof fir den Trëllert. Well datt de Frank en Trëllert ass, dat ass jo kee Reproche, mä eng Beschreiwung. Mir awer, mir hoffen, datt et och esou kënnt, dat mam Gielen zu Paräis, Andy in heaven, Frank in hell. An datt nie erauskënnt, datt sie Nektar an Ambrosia gefrubst hunn an dowéinst esou gutt Been haten, eis ZwillingsHalbaganzGötter, Castor a Pollux vu Mondorf-les-bains.

Mä ech mierken ech hu mech verfuer, muss erëm zeréck op de Lëtzebuerger Tapis-plein, wou een esouvill drënner kiere kann.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!