Tëscheruff "Rives de Clausen"
RTL - 22.07.2010, 17:19 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.07.2010, 17:25 | 33 Commentaire(n)

Déi Blo-Gréng um Knuedler wäerten net mat mir averstane sinn, mä als ale Stater soen ech: D'rives de Clausen goufen esou eppes vun an de Sand gesat. Si waren sech net der Envergure vum Projet bewosst, deen de ganze Quartier vrun de Paarte vun der Festung op d'Kopp gestallt huet, net nëmmen owes, och am Do.
D'Geschicht vun den Terrassen ass fir mech de Summum! Et hält ee vun de Bistroen hannert den ale Mauere vum Albert Mousel, wat ee wëll: Et sinn net d'Terrassen, déi fir Onrou suergen. Et sinn eigentlech bal déi eenzeg Terrassen an der Stad, wou ka gebläert ginn, ouni datt d'Noper vis-à-vis et direkt héieren. Souwéisou geet jo keen dohinner, fir de Rousekranz ze bieden.
Et huet ee grouss gesi mat deem Projet, an elo suedelt ee vun hannen op. D'Cafetier goufe gelackelt a sinn elo gelackmeiert: eng Navette, sech erëmklappen op de Geriichter an elo de Refus vun der Terrasse.
Et ass wéi esou dacks am Ländchen: grouss gesinn, mat Prestige a vill Fric an de Gedanken a schliisslech kleng bäiginn. Da gi mer geschwënn bei d'Porta Nigra op eng Terrasse ... déi Tréirer géingen eis och nach eng Navette organiséieren.
Uso...Tëscheruff rives de Clausen

Äre Commentaire