Zur Fënster eraus

RTL - 28.07.2010, 07:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 27.07.2010, 17:07 | 20 Commentaire(n)

Auteur: Dany Rasqué
Wéi kann een e Gebai kafen, dat esou grouss ass a matzen an der Stad läit, wann een net richteg weess, wat een domat ufänkt?

A wéi kann een sou vill Suen ewech ginn, wann et net onbedéngt néideg ass? De Präis fir esou e Gebai op där dote Platz läit anscheinend bei plus minus 50 Milliounen Euro.

Onbedéngt néideg schéngt déi Plaz awer nu wierklech net gebraucht ze ginn, well soss misst jo elo scho kloer sinn, wat respektiv wien do dra kënnt.

Ma nee!

"Fir d'éischt musse mer dat Gebai kafen an da musse mer iwwert d'Affectatioun schwätzen", seet de President vun der Chamber, déi ëmmerhin 3.000 Metercarré keeft.

All Normalstiefleche mécht et just ëmgedréint. E kuckt fir d'éischt wat e mat där Platz mécht an da gëtt e seng Suen ewech, ausser hien hätt der esou vill, datt en se kéint zur Fënster eraus geheien....

Mä wien ass schon an deem Fall? de Staa...Nee Stop!

Lo iwwerdreiwen ech a gesinn dat alles bëssen enk! Wa mer eis an dësen Zäiten sou Spréng wéi deen doten mol net kënnen erlaben, wéini dann?

 


 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!