Vélo bipartite contradictoire

RTL - 05.10.2010, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 04.10.2010, 18:16 | 1 Commentaire(n)

Auteur: Nico Graf
Nieft engem Knuppautosmanège, et huet een e bal net gesinn, do war en, op der Fouer, de vélo contradictoire. De Prinzip vum Spill ass deen hei: du zitts no riets um Guidon an de Velo fiert no lénks, oder du rapps no lënks an dee blöde Plou rullt no riets. Wou ’s de och Drock méchs, et kënnt dat eraus wats de net wëlls. Ech hunn de Leit nogekuckt, et kann een op deem Velo, wéi et schéngt net fueren, et muss een de Fouss op de Buedem setzen an da steet een do amplaz virunzekommen.

Ofgesinn vun alle Budgetsfroen, ofgesinn vun der Renteproblematik an ofgesinn vum Gesondheetswiesen, ofgesinn vun deene Megawichteg-keeten, hu mer den Ament e Konflikt am Land, dee wuel deen eelsten ass, zanter d’ Mënschen d’ Aarbecht opgedeelt hunn, et ass den tëschent Aarbecht a Kapital. Esou banal marxistesch léisst sech analyséieren, wat lass ass. Déi eng stellen de Produit – op  deen elo banquaire oder fir unzepacken ass – de Produit also, dee stelle se an d’Fënster, nieft de Benefiz, an déi aner setzen op de Mënsch, dee schafft, deen d’Produitsën iwwerhapt mécht. Dat ass et an där Schärft seele ginn hei am Land, d’ Finanzkris huet dat ervirbruecht; wann et neischt méi ze verdeele gëtt, da gëtt sech un d’Margen an un d’Acquisë gehalen, da gëtt net bougéiert, da gëtt gekämpft. Klassenkampf wier en ze vill déckt Wuert derfir, mee et richt e bessen duerno. Mir bezuele net fir hir Kris, soen Dausende Leit op der Strooss; eis Competitivitéit – wëll soen eise Benefiz – geet futti, soen déi aner.

A well Kris ass, kënnt de kontradiktoreche Vëlo an d’Spill.  Et gesäit een dat op ville Pläng. Beim LCGB zum Beispill: well e méi schwach ass, wéi den OGBL, argumentéiert deen u sech konservativen LCGB esou radikal, datt en den OGBL rhetoresch dépasséiert an a Patronatskreesser ass de Robert Weber den Ament de beschtgehasste Mann aus dem Land.

Oder d’LSAP. Knapps stellt sech de Luc Frieden dohinner a verzielt e puer sozialpolitesch Cruautéiten, - zitt also no riets - , schonns erënnert d’LSAP sech un de Sozialismus an hirem Numm a réckelt no lénks. Wat de Michel Wolter méi priedegt, d’ Situatioun vum Land wier katastrofal, wat se am tageblatt méi fannen, et wier also net esou schlëmm.

D’Patronat well onbedéngt den Index ofschafen, d’Gewerkschaften stinn wéi ee Mann hannert deem Index.

Et ass e Spill vun Aktioun a Realtioun, e Geschaukels, e Gejuppels, dat nawell héich geet, a schon 3 mol ass d’Tripartite elo begruewen ginn ënner deene Konflikter. An et ass de grousse Verdéngscht vum Patronat, datt dee Kampf däitlechst ze gesinn ass, datt keng verschwiemmelt Léisungen à la Luxembourgeoise bei all deene Tri a Bi-partiten  erauskommen. Do, wou Regierung a Gewerkschaften sech schonn op en doucieröse Kompromess geeenegt hunn, do stellt d’Patronat sech stur, méscht Beton, Klassenkampf vun uewen.

E weidert Resultat vun deem lëtzebuergesche Klassekrämpfchen kéint emol sinn, datt d’Regierung auserneebrécht, eng Regierung, déi jo tierkelt, well  - soe mer - Krecké a Frieden no Riets zéien, iwwerdeems Schmit  a Fractiounspresident Lux an Deputéierte Weber no lénks zéien an ëmmer huet dat lateralt Um-Guidon-Gerapps Suiten op där anerer Säit.

De Premier? Deen huet et schwéier, well de Rentabilitéits-Diskurs vum Patronat, dee biet hien nëmme no wéi eng Ried, déi en aneren him geschriwwen huet, an dat mécht hien net gär, nobieden. An d’Rhetorik vun de Gewerkschaften, dat ass seng eegen, an dat huet hien och net gär, datt verbal e lénks iwwerholl gëtt. A wat e scho guer net gär huet, dat sinn Dausende vu Leit op de Stroossen a Streiker. Déi mussen evitéiert an ëmgebéit ginn, côute que côute. D’ Gewerkschaften regéieren also d’Land, a virop vläit déi diskretst vun hinnen, d’ CGFP, suceuse de roues vun deenen aneren.

E séchere Wee aus der Lutte des classes eraus ass net ze gesinn. Wéi sot de Luc Frieden: et wier schwéier eng Intersectioun tëschent dem Sozialen an dem Wirtschaftlechen ze fannen, och eng Manéier fir ze soen: Aarbecht a Kapital sinn am Clinch a mir fanne keen Auswee.

Ech hunn em nogekuckt, dem Jong op der Fouer, dee mat a beim vélo contradictoire geschafft huet, ech hu gekuckt, wéi hien et gemaach huet, fir dermat ze fueren. En ass drop geklommen, huet sech ofgestouss, ganz douce, huet riichtaus en imaginaire Punkt fixéiert, a seng Hänn, déi luchen ganz liicht um Guidon, en huet no enéierens gezunn, en ass einfach gefuer, wéi een esou fiert, mam Velo.  Dat verléiert ee ni.

Wann een et kann. 


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!