Wunnengsmaart: Hotel Mama ... an de bëllegen Akt
RTL - 19.10.2010, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.10.2010, 20:15 | 8 Commentaire(n)

Dacks genuch gouf iwwer de Begrëff Hotal Mama de Geck gemaach.
Mat Recht! Ënner deem Begrëff versteet jiddereen, wat e wëll, ma gemengt ass, datt jonk Leit et haut schwéier hunn, erwuessen ze ginn. Kee Wonner, well hir Eltere verhale sech dacks selwer wéi Kanner: Si wëllen éischter e Copain fir d’Liewe sinn, a Plaz d’Roll vu Papp a Mamm ze iwwerhuelen. Also bleiwen d'Jippelcher léiwer am fäerdegen Nascht, loosse sech pudderen a wäschen a bléie just de Weekend op, wa se endlech déi schrecklech, déi grujeleg, déi horrent 5 Deeg vun der Aarbecht hannert sech hunn.
Den Hotel Mama gesinn ech allerdéngs haut - grad a Krisenzäiten - als eppes ganz Sënnvolles. Mir hu jo viru Méint matgedeelt krut, datt bäino 14 Prozent vun de Leit zu Lëtzebuerg um Bord vun der Aarmut liewen: 3.350 Euro Akommes fir eng Famill mat zwee Kanner, dat ass am räiche Lëtzebuerg, aarme Lëtzebuerg, de Parameter, wou de Misär kann ufänken. Am Ausland rësselen se doriwer de Kapp, bei eis ass et eng Realitéit! Ëm déi 70.000 Leit verdéngen ëm de Mindestloun, deen zwar héich ass, ma deen net duer geet. D'Ursaach ass de Wunnengsmaart: fir een eenzegt Zëmmerchen bezillt ee gären 800 Euro Loyer de Mount, fir eng méi grouss Wunneng tëscht 1.400 an 1.800 Euro.
Fréier sot ech mir: Gëtt et eppes méi Klengbiergerleches, wéi direkt um Ufank vum Liewen drun ze denken, sech un d'Fessele leeën ze loossen a Scholden ze maache fir eng kleng Haipchen? Dës Iwwerleeung gëllt allerdéngs net méi am neie Joerdausend: D’Wunneng gouf esou deier, datt ee sech fläisse muss, fir et de Prêt nach mussen ofzebezuelen, wann ee schon op der Geriatrie läit. An dat ass besonnesch wouer fir jonk Leit, déi hiert Liewe laang net bedeitend iwwer de Mindestloun erauskommen. Ween also mat 18 Joer schaffe geet, ass gutt beroden, déi puer Joer, wou e bei de Kollegen Eltere gratis liewen däerf, voll auszenotzen, fir eng Reserve unzeleeën. Deen Ament ass et nämlech nach méiglech, ouni gréisser Efforten déi Suen op d'Säit ze leeën, déi ee brauch, fir iwwerhaapt e Prêt op enger Bank geléint ze kréien. Dat, wat ech vu verschiddene Banken héieren hunn, ass, datt d’Finanzinstituter den Ament sech dach vill méi schwéier dinn, de Leit Geld zur Verfügung ze stellen.
Ween als "Hotal Mama"-Locataire während dräi Joer 1.500 Euro de Mount op d’Säit leet, huet 60.000 Euro. Ech schwätze virun allem fir jonk Leit, déi keng grouss Qualifikatioun fäerdeg bruecht hunn an déi méiglecherweis aus engem Milieu kommen, dee sech och net esou gutt steet.
Dës Iwwerleeung bréngt mech zu der Regierung: Wou kann een higoen a mam Ofschafe vum bëllegen Akt Bauen a Wunnen zu Lëtzebuerg nach méi deier maachen! 15 Joer sinn et hir, wéi de Premier sot: Wann näischt méi geet, da bréngt de Stat vill Terrain op de Maart. Do hat hien eppes versprach, wat hien net kann halen. Oder awer dach? Weise gëllt! Mir sinn op jidde Fall wäit dovunner eweg! Dobäi kinnte mer iwwer villes méi einfach zu Lëtzebuerg schwätzen, wann d'Haiser méi bëlleg wieren ... souguer iwwer den Index, vläicht esouguer zesumme mat de Gewerkschaften. Mä dat ass nach e Schwanz, dee mam Hond wackelt.

Äre Commentaire