Wat soll ee vun der Kritik um Berlusconi halen?
RTL - 11.11.2010, 07:35 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.11.2010, 18:49 | 7 Commentaire(n)

Mag sinn, datt d'Leit mol de Kapp rëselen iwwert hire Premier, ma iergendwou ass d'Zoustëmmung dach grouss. Dat läit sécher och dorunner, datt et an der italienescher Opposition plurielle keng wierklech konsensfäeg Alternativ gëtt, ma trotzdem.
Firwat duerf de Berlusconi den Hampelmann spillen, firwat duerf hien de Macho eraushänke loossen, Breitling-Aueren spendéieren, den Uz maachen mat Journalisten a Riichter, de Ghaddafi hoféieren a Partien organiséieren mat Meedercher, déi seng Enkelduerchtere kéinte sinn?
Eng Äntwert dorobber ass, dat hien ville Clichéen entsprécht. Sou wéi hien wëlle vill italienesch Männer sinn. Vill Suen a Fraen, wat gëss de, wat hues de. A frot emol ee Mann an Italien, ( ma firwat net och hei bei eis) ob hien, esou wéi de Berlusconi dat sot, léiwer homosexuell oder mat e puer flotten Dammen ënnerwee ass. D'Äntwert wäert net iwwerraschen.
De Silvio Berlusconi schwätzt dacks fir di grouss Mass vun Italiener, vun deenen der vill net vill hunn, ma d'Hoffnung op besser Zäiten bis ewell net opginn hunn. Wa schonns de Premier sech souzesoen duerch d'Liewe fuddelt, dann duerf dat dach wuel jiddereen. An och wann de Premier iwwer kritesch Journalisten oder streng Riichteren hirfällt, gëtt applaudéiert. Journalisten si souwisou suspekt, et sief si si blond a weiblech an dann nach, a wat d'Riichter an allgemeng d'Justiz ugeet, ass d'Fauscht an der Täsch bei ville schonns chronesch.
Een ewéi de Silvio Berlusconi kënnt u bei de Leit. Hien huet ni verstoppt, datt hien eigentlech kee Politiker ass, ma de Chef vun enger grousser Entreprise. Ob déi Italien heescht oder anescht, ass eigentlech egal. An datt hie sech de ganze politesche Marathon wahrscheinlech just nach undeet, fir net an Handschellen ofgefouert ze ginn, schockt an Italien och nach laang net jiddereen.
A wann een de Leit, da seet, dat hiren Berlusconi jo awer politesch eigentlech näischt opweises huet, kritt een an de meeschte Fäll dräiërlee geäntwert: Nämmlech éischtens, datt de Berlusconi bis ewell di stabilste Regierung zënter op d'mannst dem zweete Weltkrich huet, datt hien, zweetens, net nëmme Roum ma och de Süden a mat der rietspopulistescher Lega Nord och de Norde vum Land ënner Kontroll huet an datt drëttens an iwwerhaapt di aner et och net besser kéinten.
Do bleift engem dann net méi ganz vill ze soen, ausser vläicht laachen, laache fir net ze kräischen. Ma dat mécht een deemno wéi souwisou nach, nämmlech dann, wann et Neiwahle ginn. Et sief de Berlusconi gëtt virdrunner ¨“en flagrant dans le lit erwëscht.“
Äre Commentaire