Keng Informatiouns-Foire

RTL - 11.11.2010, 18:34 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.11.2010, 16:38 | 3 Commentaire(n)

Auteur: Marco Goetz
D'Studentefoire ass eng Informatiounsfoire. Eigentlech ass et do jo egal, ob ee Jonken eppes freet oder ee Journalist. Ass et awer net. Di eng Madame um Stand huet schonns Nee geruff, iert se d'Fro iwwerhaapt héieren hat, ma si hat de Mikro gesinn a war erféiert. Esou ass dat beim Staat, sot se an ech hu Folterinstrumenter a Maulkierf viru mer gesinn, Honnerten an Honnerte vu gekniechten Staatsbeamten. Mir sinn op dem ënneschten Träpplek vun der Leeder, soten zwee Hären op engem anere Stand. Domm gaang fir d'Studenten. Ech duecht op der Foire, wiere just di beschte Leit fir di beschten Informatiounen ze ginn. Hei gesäit et aus, wéi wann deen, dee bei 3 net um Bam war, forcéiert gouf. Och schued bei sou enger wichteger Foire.

Do freet ee sech schonns, wat da lass ass an eiser Gesellschaft. Theoretesch wëlle mer Kommunikatiounsweltmeeschter sinn, ma praktesch si mer dacks nach an der Zäit vum Stummfilm. Vläicht sollt ee Kommunikatioun an Ëmgank mat der Press mol als Weiderbildungsfach beim Staat aféieren.

 

 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!