Et ass alles ganz koppeg, wat d’Regierung do mécht

RTL - 25.11.2010, 07:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 24.11.2010, 18:41

De bëllegen Akt bleift bestoen an och d’Zënsbonifikatioun op de Kanner. Déi Iwwerraschung gouf de Finanzminister en Dënschden op eiser Antenne bekannt. Dozou de Commentaire vum Guy Kaiser...

De Luc Frieden zitt eppes zréck, dat d’Equipe Juncker viru 6 Méint an d’Schluechtfeld gezunn hat, fir de Kampf géint d’Kris ze gewannen.

Den Aarbechtsminister Nicolas Schmitt, net liddereg an och net midd a senge Funktiounen, léisst sech et net huele fir nozezéien an d’Land drun z'erënneren, datt et hie war, deen am Tripartitestuerm an der Ëffentlechket der Meenung war, de Finanzminister géing ze vill de Kriseknëppel aus dem Sak huelen. Et sief! Deen een huet am Virnumm de Kleeschen, deen anere wëll Fridde schafen. An dat alles e Mount viru Chrëschtdag! Vill méi schéi kéInt d’Welt eigentlech net sinn, besonnesch wann een da kuckt, wat d’Irlänner an d’Griechen dann do fäerdeg bruecht hunn. Si hunn eng richteg Kris, net esou eng aarmséileg wéi onserengs. Eis Kris gesäit ee fir d’Baschten net, dat dommt dobäi ass, si ass do, ma et sinn der net därmoosse vill, déi se spieren, datt een se an eisem nei geschafene Wuelfillbarometer géing grouss moosse goen.

Beim Staat gëtt zwar gespuert, am Sënn: meng Imprimante huet eréischt 4 Joer, se ka roueg nach duerhalen; ma de Staatsbeamte spiert näischt an der Pei. Dem Privatbeamte geet et, op d’mannst a grousse Betrieber, och net méi schlecht wéi Enn 2008, ausser nattierlech a verschiddene Banken. De Chômage war een Ablack säfteg geklomm, ma schéngt sech den Ablack a Grenzen ze halen. Also ass wierklech näischt do, fir eis gutt Chrëschtdagsstëmmung ze verdierwen: mir lafe schonn a Gedanke mat Messer a Forschette hannert der Dinde hir, ginn eis an d’Groussgaass weisen, wou d’Chômeuren, wëll heeschen, d’Clocharde vun der Strooss gekiert goufen. Ënner den LED-Liitercher soll alles propper wierken, do brauche mer net nach Leit, déi eis e schlecht Gewësse maachen a geschwë ginn et och nach Protokoller, wann een en Zigarettestomp an d’Strooss werft. Alles ass schéin, alles ass gutt, bis datt den Doud ons trennt.

D’Regierung gëtt de Leit, déi sech wëllen en Doheem uschafen, e schéine Cadeau. An hierem Numm, en décke Merci. Ma d’Regierungskommunikatioun léisst ëmmer nach fatzeg ze wënschen iwwereg! Wat bleift eigentlech nach vun deem mat Tamtam ugekënnegte Spuerprogram iwwreg? De Luc Frieden sot am Abrëll-ausgerechent op engem 13.!-: mir wëllen 450 bis 500 Milliounen Euro dat anert Joer spueren, an hien huet nach dru gehaangen: dat geet selbstverständlech net duer, fir dee ganzen Effort bis 2014, an dat waren, annerhallef Milliard. De Minister huet deemols och erënnert, datt eng Indextranche  de Staat 100 Milliounen Netto kascht. D’Resultat kenne mir.

Ënner dem Stréch krut jiddereen eppes eraus, de Privatmënsch an d’Patronat.

Ënner dem Stréch bleift net méi vill iwwereg vun der Kris „made in Luxembourg“...dobäi hat de Minister gemengt, et sollt ee mol um Radio d’Ëmfro maachen: fann Dir et richteg, datt dëst Land all Joer méi ausgëtt ewéi erakënnt?

D’Fro ass eigentlech ëmmer nach aktuell.