Keng Zäit méi fir Mënschlechkeet
RTL - 02.12.2010, 07:25 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.12.2010, 18:34 | 6 Commentaire(n)

Mä, huet et musse sinn, en Deel vun dëse betraffene Leit nach deen nämmlechten Dag, wou d'Decisioun gefall ass, virun d'Dier ze setzen? 30 bis 40 Leit goufen an de Bureau geruff, duerften den Tirang eidel maachen a stounge wéi bepissten Hénger op der Strooss! Grad esou, wéi wann dës Leit scho fäerdeg gebrannte CDen an der Paltongstäsch gehat hätten, fir betribsintern Informatioune fir deiert Geld un d'Ausland ze verkafen. Hätt een do net kënnen e méi mënschlechen Ëmgank fleegen?!
Oder wéi ass et mat där Famill, wou d'Mamm zanter Wochen am Koma ass an déi aner, rondrëm si, mat knapper Nout an all deenen Dosenden Deeg just eng eenzeg Kéier de spezialiséierte Médecin traitant ze gesi krut, ouni dat Geréngst u wäertvoller Informatioun ze kréien? Vu Matgefill mol guer net ze schwätzen.
Ech denken och un e jonke Mënsch, deen exakt honnert Demandë fort geschéckt krut, ënner der Supervisioun vu sengen Elteren, fir eng Plaz als Léierbouf ze fannen, an dee vum Patronat net eng eenzeg Äntwert krut.
Oh Chrëschtdag, wat hunn ech dech gär, mat denger Chrëschtlecher Nächsteléift! Haaptsaach ass, Liichtercher brennen am Virgäertchen, als Ersatz fir d'Flam am Häerz, déi längst aus ass.
Mir haten virgëschter vun enger Etude Rieds, mat der Konklusioun: bal d'Halschent vun de Recrutementer gëtt am Grand-Duché iwwer perséinlech Bekanntschafte gemaach. An engem klenge Land ass dat iergendwéi normal: de Pierre kennt de Paul, an eng Hand wäscht déi aner. Dee System huet awer och seng Limiten a kann an de Géigendeel ëmschloen: de Pierre kann de Paul net richen a mécht him e Stréch duerch d'Rechnung, egal wéi hie sech uleet. Eist Verbaaschter-Sinn – well mir eis esou gutt kennen, kann zu onméigleche Situatioune féieren, am Gudden an am Schlechten.
Ech denken awer och un déi vill Jugendlecher, déi kee Fatz mat hiren Elteren eens ginn; si trennen sech a liewen alleng, an engem Foyer oder an enger klenger Wunnecht, déi se vum Staat bezuelt kréien; egal ween d'Schold an dëser miserabeler Relatioun huet, déi Jonk fänken hiert Liewen an enger extrem schlechter Positioun un: hir Mënschlechkeet, déi se am Liicht vun enger Spuerbier an d'Wéi geluecht kruten, riskéiert an engem Siess ze verschwannen. Eng nei Zort Weesekanner, an hir Zuel ass um Klammen
Wikileaks bréngt do kee Liicht an d'Gesellschaft, éischter de Géigendeel; vielläicht ginn grad dowéinst däischter Gesellen op dësen Internetsite a fänken un ze läschen...do, wou et kinnt brennen.

Äre Commentaire