Veridicité

RTL - 08.12.2010, 12:11 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.12.2010, 12:15 | 3 Commentaire(n)

Auteur: Nico Graf
Heiandsdo – o net ze dacks –  héiert een an der Chamber eng rhetoresch Trouvaille, déi een duerno net méi mësse wëll.

Esou eng gouf et gëscht am Alex Bodry sengem Rapport. En huet haart nogeduecht, op wat fir Premissen de Budget baséieren géing, huet dobäi e seelent franséischt Wuert benotzt, en huet no der Veridicitéit vum Budget gefrot. Veridicité – ech sinn dat siche gang – heescht am Franséischen authenticité, exactitude, fidélité, régularité, sincérité, véracité, vérité  also alles Wierder, déi – scho bal moralesch - no der Wouerecht froen. An den Alex Bodry ass zur Conclusioun komm, de Budget wier net erkennbar wësentlech onkorrekt.

Wat eng Zensur fir dat wichtegst Gesetz fir dat nächst Joer.

De Budget 2011 ass also irjendwéi, wéi soll ee soen, jo, schonn am grousse Ganzen an der Rei, nee, net wirklech gefuddelt, a wann, dann net express.

An esouweider kéint ee paraphraséieren.

Hannert deene verdruddelte Wierder net erkennbar wëssentlech onkorrekt verstoppt sech eppes, an dat ass de ganze Buttek, deen se an dëser Koalitioun haten a wuel nach ëmmer hunn. Et ass de Kamméidi tëschent den Zweckoptimisten an den Zweckpessimisten, teschent de Rouden, déi alles roseg wëlle gesinn, an de Schwaarzen, déi schwaarz molen, tëschent dem Alvin Sold an dem Michel Wolter – fir et op zwee Nimm ze bréngen. Et kéint een och soen Housecker Frieden a Kleesche Schmit.

D’Finanzkris - an duerno déi vun der Realeconomie - huet d’Differenzen, déi fundamental verschidden Approche tëschent de Koalitionären esou richteg erausciseléiert.

Was ist Wahrheit?  hat de Pilatus de Jesus gefrot.  An dëser Regierung gëtt et op dës Fro zwou Äntwerten – an eraus kënnt eppes Verknujeltes, datt sech Budget 2011 nennt. A mat den affiléierte Gewerkschaften am Rëck kann dee compromesso storico à la luxembourgeoise nach laang weidergoen.

Op dat wirklech gutt ass fir d’Land – ech hunn do meng Zweifel.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!