E béist Wantermäerchen

RTL - 09.12.2010, 15:59 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.12.2010, 16:14 | 13 Commentaire(n)

Auteur: Guy Kaiser

Lëtzebuerg also am Wanterkleed...et ass schéi wéi an engem Märchebuch, ma fir vill Leit war et e béist Mäerchen.

Zwee Minister hu wuel de Moien d'Schëller wéi: si klappen sech op déi nämmlecht, well anscheinend alles esou gutt geklappt huet.

Fir d'éischt d'Schoulministesch: hire Ministère mellt eiser Redaktioun um 6 Auer 42 de Moien, datt d'Schoulen alleguerten zou sinn. Dat war definitiv ze spéit! Esou eng Decisioun muss fir 6 Auer geholl sinn, well am anere Fall si schon eng ganz Partie Jugendlecher op hirem Schoulwee a wëssen näischt vun hirem Gléck. De beschte Beweis dofir waren déi Dosenden Telefonsuriff an eiser Redaktioun: an esou Fäll ass Radio Lëtzebuerg d'Informatiounsquell Nummer 1 fir d'Leit, ma mir kënnen näischt soen, esou laang kee Signal aus der Ënneschtgaass kënnt.

Donieft muss de Message glaskloer sinn: d'Schoule sinn zou, an awer gëtt fir den Accueil gesuergt fir déi Kanner, déi de Message op Radio Lëtzebuerg net héieren hunn.

Dat war alles net de Fall...iwwregens war dat nach ni de Fall an de leschten 30 Joer ënner deene verschiddene Minister. Et wär also wierklech net vu Muttwëll, wann endlech géinge Konklusioune gezu ginn.

Dann de Minister Schank: hien ass déck zefridde mam Asaz vun de Botzaarbechten. Wéi d'Leit dat de Moien héieren hunn, wäerte vill Leit e roude Kapp krut hunn. Vläicht kënnt jo esou, de Schnéi un d'Schmëlzen?!

D'Stréimänner kritiséieren ech net...si maachen dat, wat si gesot kréien.

An do hätt gëschter Mëtten, direkt vu 4 Auer un, kräfteg musse gesalzt ginn, eemol, zweemol, an och nach méi dacks. D'Haaptachse musse propper sinn!

Dat war gëschter nees eng Kéier net de Fall.

Summerpneu ass och en Thema. De Minister muss eng Decisioun huelen.

Allgemeng roden ech, eng Formatioun an der Schwäiz oder an Éisterräich ze maachen: do gëtt Dir gehollef!


Ech si mir bewosst, gëschter war eng Ausnamesituatioun. Ma et geet net duer, sech op d'Schëller ze klappen.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!