D'Affär Ries gëtt eng Affär Halsdorf
RTL - 04.01.2011, 08:16 | Fir d'lescht aktualiséiert: 05.01.2011, 21:57 | 0 Commentaire(n)

An dann Optrëtt vum aarme, neien Arméiminister Jean-Marie Halsdorf. Deen huet e Méindeg alles falsch gemat. Amplaz eng kloer Decisioun ze huelen, huet hie sengem Colonel matgedeelt, datt hien, Halsdorf, zwou Manéieren hätt fir deen algedéngten Zaldot z'erpressen, huet am Fong gesot, gëff Dech, du hues keng Chance. Awer annerhallef Stonn Zäit, nozedenken op wéi eng Manéier mir Dech defintiv lanteren däerfen.
An dunn ass den Arméiminister an d’Chamber gaang an hat den Deputéierten – näischt ze soen. Dat kënnt beim Kommunikatiounsgenie Halsorf méi dacks vir, mee e Méindeg war et penibel, well d’Deputéiert – net faul – scho gewuer gi waren, wat den Arméiminister hinnen net soe wollt. D’Press - an dësem Fall zwee Radioën an den Internet - hate geschafft, op dem Premier dat gefällt oder net, an dem rosenen Arméiminister ass an der Chamber entwutscht “ah, dat do kënnt vum Ries, elo huet dee scho mat der Presse geschwat”. Jo, esou ass dat, ungaresch Verhältnisser si fir eng aner Kéier.
Mee zréck bei d’Männer. Aus der Affär Ries war ni eng Affär Schiltz ginn. De Jean-Marie Halsdorf awer ass e Méindeg queesch iwwer den Härebierg getrollt. Wéi sot e Méindeg de fréieren Arméiminister Charel Goerens: dat do hätt missen eng one-shot-Decisioun sinn. Ma, sorry, Herr Goerens, et war dach eng one-shot-Geschicht, mee awer à la Halsdorf: de Schoss ass no hanne lass gaang, aus der Affär Ries gëtt esou lues eng Affär Halsdorf.

Äre Commentaire