Lulu Marleen: Schiltz, Ries, Halsdorf ...
RTL - 06.01.2011, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 05.01.2011, 22:10 | 62 Commentaire(n)

Et muss een näischt vun Arméi an Zaldoten halen, et muss een näischt dervun halen, watfireng Militätpolitik no 1945 hei am Land gedriwwe ginn ass, et muss ee Manöver a Krich net gutt fannen, et muss een net mengen, datt eis Arméi mat hire 500 Zaldoten e grousse wichtege Betrieb am Land ass, et muss een och näischt vun de Männercher halen, déi virum Palais Wuecht halen – dat alles muss een net an et kann een et lächerlech fannen, datt mir dat Arméi nennen, wat an anere Länner knaps e Bataillon d'honneur wier.
An ech sinn ee vun deenen, déi et léiwer chaotesch a kreativ a spontan hunn an déi et net gär in "Reih und Glied" an Uniform a gedrillt hunn.
Ceci dit gëtt et awer e wichtegen Aspekt an deem ganze Geméchels aus de leschten dräi Joer: Dat ass déi politesch Fro, wéi mer regéiert ginn a wéi Projeten duerchgezu ginn.
An do héiert een aus deem klenge Corps, dee mer Arméi nennen, doraus héiert een elo ëmmer méi Saachen, déi weisen, ëm wat et goung. Zum Beispill ëm en immens éiergäizege Minister Lulu Schiltz, dee coûte que coûte seng Arméi-Reform mat him genehme Leit duerchbatsche wollt an dat eben och gemat huet. Mat kéipweis Kollateralschied.
Den heepsten dovunner ass vläit den Nico Ries. Datt de Lulu Schiltz wéint senger Reform d'Offizéier roueg gestallt huet a se mat Promotioune kaaft huet - d'Colonels-Gradë sinn déi Zeit nëmmen esou gebonzelt komm, sot ee mer - dat mécht den Tour an der Arméi an et kéint een et jo bal verstoen: Wien an de Krich zitt, dee brauch Truppen. Dat hat de Lulu Schiltz verstan an huet Leit ëm sech geschäert. Gebongt, ierjendwéi. Mee am Krich fueren der och ewech, déi, di net follegen, déi di net all Taktik matmaache wëllen. Zu deenen huet den Nico Ries gehéiert. Dee war e bessen ze al an ze kamëss an heiansdo e bëssen ze widderspensteg an eben dat huet dem Minister net gepasst.
An duerfir ass de Colonel Ries gelantert ginn. A wéi. An zwar esou: Et war ugangs November, op Märtensdag 2007, Festdag vun der Arméi, grouss Parad op der Drillplatz um Härebierg, e joviale, frëndleche Minister Schiltz, deen d'Parad mat dem Colonel Ries ofhëlt, auslännesch Gäscht, duerno Galadiner. A matzen am Diner, tëschent Haaptplat an Dessert, gëtt de Colonel Ries op d'Säit geholl a mat e bësse Gedeessems an de "petit salon" gebieden an do kritt e vum Jean-Louis Schiltz gesot, vum nächste Joer u bréicht hien, Schiltz, de Colonel Ries net méi. D'Reform, iwwer déi d'Chamber am Dezember ofstëmme sollt, déi giff ouni hie gemat ginn. Dat giff den Arméiminister mar am Regierungsrot bekanntginn an ofseene loossen.
Den Nico Ries huet op deem Märtensdag säin Dessert net giess. An e war guer net d'accord mat senger Evictioun. A wie sech haut freet, firwat hien esou verbassen ëm säin Job kämpft, dee weess elo, datt dat mat der Aart a Weis ze dinn huet, wéi hien als Chef d'état major gekäppt ginn ass. Eng Aart a Weis, héiert een, déi awer generell op der Linn vun deem gewiescht wier, wéi den Arméiminister Schiltz säi Ministère geleet hätt, keen Ouer fir d’Personal gehat a sech dacks am Toun vegraff hätt.
Et gëtt Zaldoten, déi dreemen. Net vum Lili Marleen, mee vum Lulu Schiltz, dee soll an de Chamber-Commissiounen op zwou Froen äntweren, déi hei: Ass den Nico Ries en bonne et due forme entlooss ginn? Déi zweet: War hien d'accord? An da nach déi annexe Froen, wat de Lulu Schiltz der Regierung an dem Grand-Duc doriwwer erzielt hätt.
De Jean-Marie Halsdorf fir säin Deel huet do eng Ierfschaft iwwerholl, ëm déi en net ze beneiden ass, zemools och dowéinst net, wëll en de Parteifrënd Schiltz net esou beetsche kann, wéi en dat wuel gär giff. Mee den neien Arméiminister mécht och mat groussem Succès ee Feeler nom aneren a fiert den Dingo esou richteg an den Dreck. Dat ass Cabaret pur, mee alt erëm mat dem Hannergedanken, wéi wëll ee mat deem Minister Kabul bewachen, duerch eng Kris kommen, eng Katastrof iwwerliewen.
Mat esou Ministeren ass kee Krich ze gewannen an och am Zivil-Liewen hu mer eppes Besseres verdéngt.

Äre Commentaire