Causa Schmit: E Fall fir d'Adem

RTL - 25.01.2011, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 25.01.2011, 09:54 | 14 Commentaire(n)

Auteur: Nico Graf
An der Causa Schmit steet Wuert géingt Wuert: de Rapport vun enger Police-Beamtin géint dat, wat den Aarbechtsminister zanter Deeg seet. Wie Recht huet, dat léisst sech mat Presse-Communiquéë wuel net méi klären, mengt den Nico Graf a sengem Commentaire.

De Fall Schmit ass kee Fall méi fir Schrëftgeléierter. De Fall ass limpide. Well et stinn sech zwou Aussoen géintiwwer. Hei den Nicolas Schmit, dee seet, hien hätt sech um Police-Bureau uerdentlech beholl a ni mat Konsequenze gedreet, wann de Fall vu sengem Fils net giff fale gelooss ginn. An op der anerer Säit eng Polizistin, déi ebe just dat behaapt, an zwar net einfach behaapt, mä an engem Rapport schreift. An dat ass keng Niewesaach, well dat Wuert schreiwen huet an der Police e Sënn, dee mir aner esou net kennen. Schreiwen dat heescht an der Police judiciaire eppes zu Pabeier bréngen, dat viru Geriicht Beweiswäert huet. Schreiwen ass net irgendeppes, wou de Pabeier gedëlleg ass, de Géigendeel ass de Fall: Esou Papieren, esou Rapporte si gär nawell e Stréck fir deen, dee beschëllegt dra virkënnt. A wann de Rapport ieren net géing stëmmen, zum Beispill wëssentlech falsch wier – jo, dann hätt dat fir de Beamten eescht juristesch Konsequenzen.


An dat war d'Stéchwuert: juristesch. Well dëse Fall – wat ass beim Verhéier vum Fils Schmit gesot ginn – dat muss wuel juristesch gekläert ginn. Well entweder de Nicolas Schmit huet gesot, wat en dem Police-Rapport no gesot huet, dann huet hien an enger privater Saach als Minister probéiert, e Virdeel fir sech erauszeschloen – dat nennt een Immixioun, abus de pouvoir. Oder awer d'Beamtin schreift an hirem Bericht egal wat – an dann ass dat eng Diffamatioun, wéint deeër de Minister eng Plainte maache misst.


Politesch awer - o mei, politesch ass dat hei e casse-tête sonnergläichen. Wéi een eise Premier kennt, ass dat do him alles ze domm an ze primitiv, dat, wat deen ee soll gesot hunn, an dat, wat déi aner op der Strooss vläit opgefouert hunn, wat de Minister dann esou rose gemat hätt, datt e verbal ondiplomatesch ëm sech geschloen hätt. Wéi een eise jcj mengt ze kennen, ass hien och immens rosen, datt do ee vu senge méi schlaue Ministeren – an deeër huet hien net esou vill – datt esou een am Gaang ass, sech politesch ze suicidéieren.


A vläit ass den aarme Premier esouguer tentéiert, den Aarbechtsminister géint deem seng eege Parteifrënn a géint säin eegene Club a Schutz ze huelen. Well d'LSAP, jiddwer Wett, kuckt net laang no. Och déi Rout hu guer keng Loscht um Échec, iwwwerdeems der vill an der CSV awer grouss Loscht um Échec vun deem spezielle Minister hunn. An emol schonn déi jonk Hënn vun der CSJ vun der Léngt loossen, déi däerfen an der Causa Schmit emol scho billen, ier d'Alphabéischten da bäissen.


Wien extrem gutt op sech oppasse muss, dat ass de Jean-Marie Halsdorf. Well hie weess zanter Wochen, wat do op en zoukomme géing. Hien huet en interessante Problem: Soll e solidaresch mat sengem Regierungskolleg sinn oder soll e sech viru seng Poliziste stellen?


Jiddwer Wett, datt hie béides net mécht, mee sech hannert dem Premier verstoppt. Hien ass an der Causa Schmit genee esou gequëtscht wéi an der Causa Ries. An en dreemt sécher dervun, e Reckkräiz ze hunn a verständlech schwätzen ze kënnen.


D’Affaire Schmit huet sech gëscht iwwerschloen, wéi en anonyme Freund und Helfer d'Redaktiounen am Land mam Rapport vun der Beamtin servéiert huet.


Ech hunn dee Rapport an enger ganz normaler Enveloppe kritt. Just den Timber ass net normal, an dat dierft keen Zoufall sinn. Et ass den Timber – feier-rout a rouscht-schwaarz an de Faarwen, d'Koalitiounsfaarwen – mat deem 125 Joer Pompjeeë gefeiert ginn. Ze gesinn ass e Pompier, deen e Kand virum Feier rett. Ganz privat gesäit den Nicolas Schmit sech wuel genee esou: E wollt säi Bouf aus de Flame retten.


Mee wéi et esou geet am Minister-Liewen: Do gees De als Papp an eppes eran an du kënns als Beamten eraus. Wells De de Mond net hale konns an de Chef, de Minister, eraushänke geloss hues.
De Minister Schmit huet sech d'Fanger ferm verbrannt, hien ass e Fall fir d'ADEM.

D'Enveloppe, an där de Police-Rapport dra war.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!