Handball um nämmlechte schlechte Wee wéi de Football?

RTL - 25.01.2011, 12:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 26.01.2011, 12:01 | 5 Commentaire(n)

Auteur: Fränky Hippert
Den Handball-Championnat an der Nationaldivisioun hei zu Lëtzebuerg ass esou spannend wéi scho laang net méi. 5 Equippe kommen nach a Fro fir Champion ze ginn. Alles an der Rei deemno? Geschwënn awer vläit net méi, seet de Franky Hippert an engem Commentaire:

Zanter deem leschte Spilldag ass et kloer. Den Handball, deen hei am Land boomt, dee wuel déi beschten Nationalequipe hei am Land an de Ball-Sportaarten huet, ass um nämmlechten, schlechten, falsche Wee, wéi zum Beispill de Football.

Ech erkläre mech. Virun zwee Joer huet d'Handball-Federatioun decidéiert hir Auslännerregel aus de Statuten erauszehuelen. Bis dohin hunn nämlech an enger éischter Equipe, maximal 2 auslännesch Spiller um Bou dierfte stoen. Elo ass keng Limit méi do.

D'Schold leit awer manner bei der Federatioun, mä éischter bei komplizéierten EU-Gesetzer, déi nëmme ganz schwiereg mam Lëtzebuerger Sport ze kombinéiere sinn, Stéchwuert „Spezifissitéit vum Sport“.

Déi Responsabel vun de Veräiner spillen awer och, wann net esouguer déi wichtegst Roll, an der aktueller Situatioun.

De leschte Weekend stoungen an der Partie Bierchem géint d'Red Boys, 10 auslännesch Spiller um Bou, 4 bei deene Réiserbänner, 6 bei deenen Déifferdenger, an dobäi kënnt och nach datt de Niveau schlecht war.

Dat wat den Handball an deene leschte Joeren ausgezeechent huet, geet, esou wéi et ausgesäit, d'Bach an.

Stéchwuert „Identifikatioun“. Wat waren, an wat sinn d'Handballsveräiner zum Deel nach, houfreg kënnen drop hinzeweisen, dat hir Jongen oder Meedercher an den éischten Equippe spillen.

D'Liewen an engem Veräin hei am Land, ass d'Jugend. Honnerte Jonker trainéieren all Woch mam Ziel sech fit a gesond ze halen, a vläicht eng Kéier éischt Equipe ze spillen. Wann s de dann deene Jonken aus engem Veräin awer lauter zweet oder drëttklassesch Sportler aus dem Ausland virun d'Nues keefs, da kanns de dem Jugendtrainer och direkt eng op de Back ginn, a soen e soll doheem bleiwen.

E Lëtzebuerger Veräin wäert ni d'Champions League wannen. Dofir léif Sportsveräiner, a besonnesch och déi aus dem Handball, bleift mat de Féiss um Buedem, a loosst äre Supporter d'Méiglechkeet sech mam Veräin an den eegene Spiller z'identifizéieren. De ganze Rescht ass just gutt fir dem President seng Visitëkaart.


 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!