D'Fonction publique an d'Affär Schmit
RTL - 26.01.2011, 12:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 26.01.2011, 12:34 | 9 Commentaire(n)

Procès-verbaux: An dëser Affär ass villes erstaunlech, net nëmmen, well et e Minister ugeet, ma och, a vielläicht virun allem, d'fonction publique, Guy Kaiser ...
Et gëtt esou eppes ewéi e Beruffsgeheimnis. Jidder Fonctionnaire a Beamten am ëffentlechen Déngscht muss sech drun halen. Et ass nozeliesen an hirem Statut, ënner "droits et devoirs fondamentaux".
Dat Ganzt baséiert nach op engem Basisgesetz vum 16. Abrëll 1979.
De Fonctionnaire muss sech un en "devoir de discrétion" halen, an zwar esou laang hie schafft an och nach herno an der Pensioun.
Et ass him also net erlaabt, verschidde Faiten ze revéléieren, déi hien op senger Aarbecht a bedéngt duerch seng Fonction, ka gewuer ginn; et sief, dëse Fonctionnaire hätt virdrun eng Dispens krut vu sengem Minister. De Beamten däerf also keng Kommunikatioun deviéieren, wëll heeschen, an d'Ëffentlechkeet bréngen.
Je nodeem handelt et sech also ëm eng "faute grave". Da kënnt e "Conseil de discipline" zesummen, diskutéiert de Fall an decidéiert d'Sanktiounen. De Beamte kann da seng Pai fir e Mount ofgehale kréien, oder och méi laang, hie ka versat ginn, bis hin zu der Revokatioun; an dat ass déi schlëmmst Moossnam: Mat enger Revocatioun verléiert de Beamte seng Plaz an och seng Pensiounsrechter.
Interessant och nach, datt Police an Arméi e "Conseil de discipline" à part hunn, also ee fir sech eleng; grosso modo fonctionnéiert deen awer d'nämmlecht.
An der Mautsch ass nach e Projet vun engem groussherzogleche Reglement iwwert de Code de déontologie an der Fonction publique; do soll awer weider net d'Gesetz derogéiert ginn ... et solle just Präzisioune ginn.

Äre Commentaire